An dësen Zäiten ass et wichteg solidaresch ze sinn an sech géigensäiteg Mutt ze maachen. Mir maache mat bei der internationaler Aktioun “Alles gëtt gutt” an encouragéieren och iech är perséinlech Messagen vu Solidaritéit, Hoffnung a Mutt ze verbreeden.
Op gemolt, geschriwwen oder op soss eng kreativ Art a Weis, alles wat der braucht ass eng Foto vun ärem Message mat engem Reebou an dem Text “Alles gëtt gutt”.
Hänkt d’Resultat an d’Fënster, maacht eng Foto a post et op de soziale Medien mam #AllesGëttGutt