Traditionell ginn et am Cap Vert keng weiblech Genitalverstümmelungen (FGM). Trotzdeem huet den Inselstaat domat ze kämpfen: Duerch d’Zouwanderung vu Communautéiten aus Géigenden, wou dës Praktik nach ëmmer verbreet ass – virun allem a Westafrika – klëmmt d’Zuel vun de Betraffene séier un. An e puer Famille bleift dës Traditioun fest verankert, bis zu deem Punkt, dass d’Meedercher en immensen Drock vun hirem Ëmfeld erliewen oder souguer zeréck an hiert Hierkonftsland geschéckt ginn, fir do eng FGM duerchféieren ze loossen.
Laangjäregt Leed an e Mangel un Ënnerstëtzung
Weiblech Genitalverstümmelungen hu schwéier an dauerhaft Konsequenzen. Se verursaache chronesch Péng, psychologeschen Trauma, Infektiounen, Komplikatioune bei der Gebuert an de Verloscht vum Gefill vu kierperlecher Integritéit.
D’Situatioun ass ëmsou méi dramatesch, well de Gesondheetssystem net op d’Behandlung vun dëse Fäll ausgeluecht ass. De Mangel u spezialiséierter Fleeg, déi feelend psychologesch Ënnerstëtzung an den Tabu ronderëm d’Thema verstäerken d’Vulnerabilitéit vun de Betraffenen.

Hëlleft eis, d’Meedercher
géint Genitalverstümmelung
ze schützen
UNICEF handelt: Präventioun, Schutz an Ënnerstëtzung
Fir op dës Noutsituatioun ze reagéieren, verstäerkt d’UNICEF seng Aarbecht um Cap Vert. An Zesummenaarbecht mat lokale Partner schaffe mir u konkrete Léisungen:
- Mir forméieren Gesondheetspersonal an zukünfteg Fachleit, fir FGM-Fäll ze verhënneren, ze erkennen, ze vermze vermëttelen an ze begleeden.
- Mir bannen d’Léierpersonal an, andeems mir Preventioun a Sensibiliséierung an de Schoulen integréieren.
- Mir sensibiliséieren d’Communautéiten a stäerken den Dialog mat communautairen a reliéise Leaderen, fir FGM ze verhënneren.
- Mir stäerken d’Wëssen an d’Verständnis bezüüglech FGM duerch d’Sammele vun Daten an d’Stäerkung vu Monitoring-Systemer.
Hire Kierper, hir Rechter
All Meedchen huet d’Recht, fräi a sécher opzewuessen – a mam Respekt fir säi Kierper.
Agissez maintenant. Ensemble, protégeons les filles au Cap-Vert.




