Eng vun de schlëmmste Mënscherechtskrisen eiser Zäit
D’Demokratesch Republik Kongo (DR Kongo) mécht eng schlëmm humanitär Katastroph duerch. Säit Jore ginn et bewaffnet Konflikter an Honnertdausende Famillen hu scho missen aus hiren Dierfer flüchten. D’Kanner leiden Honger a si geféierleche Krankheeten an der Gewalt ausgesat.
Méi wéi 6,5 Millioune Leit, dorënner 2,6 Millioune Kanner, sinn aktuell an der Regioun oder der Flucht. Vill dovu si schonn e puermol geflücht – oft ënner liewensgeféierleche Bedéngungen. Eltere si verzweifelt a kënnen hire Kanner kee Schutz bidden. Den Zougang zu propperem Drénkwaasser, Iessen a medezinescher Hëllef ass extrem limitéiert. Ouni Hëllef hu vill vun dëse Kanner keng Zukunft.

D’Kanner bezuelen de héchste Präis
Firwat brauchen d’Kanner an der DR Kongo dréngend Hëllef?
D’Situatioun ass dramatesch:
Flucht & Onsécherheet: Famille mussen ëmmer nees flüchten – oft ënner extrem geféierleche Konditiounen. Vill Kanner verléieren hir Elteren a sinn op sech eleng gestalt a besonnesch vulnerabel.
Honger & Ënnerernärung: Bal 2 Millioune Kanner leiden un akuter Ënnerernärung. Ouni Behandlung mat therapeutesche Liewensmëttel ass hiert Liewen a Gefor.
Zesummebroch vum Gesondheetssystem: Spideeler a Gesondheetszentre goufe geplëmmt oder zerstéiert. Dausende vu verletzten oder kranke Kanner kréie keng Behandlung.
Keen Zougang méi zur Bildung: Méi wéi eng Millioun Kanner kënnen net méi an d’Schoul goen, well se op der Flucht sinn oder well hir Schoulen zerstéiert goufen.
Mangel u propperem Waasser: Den Drénkwaassermangel féiert zu enger séierer Verbreedung vu geféierleche Krankheete wéi z. B. Cholera.

D’UNICEF bleift un der Säit vun de Kanner, och an de schlëmmste Krisen.
D’UNICEF handelt – an Dir kënnt hëllefen!
Säit Joerzéngten ass d’UNICEF an der DR Kongo aktiv, fir de Kanner eng liewenswichteg Hëllef a Perspektiven ze ginn. Eis Aarbecht ëmfaasst zum Beispill:
✅ Ernärung: Verdeelung vun therapeutesche Liewensmëttel fir ënnerernäert Kanner.
✅ Waasser & Hygiène: Opbau vu Statioune mat propperem Waasser a Verdeele vun Hygiènes-Kitten, fir enger Cholera-Ausbreedung entgéintzewierken.
✅ Gesondheetsversuergung: Medikamenter fir Spideeler, Impfunge géint d’Riedelen a medezinesch Hëllef fir blesséiert Kanner.
✅ Schutz & psychosozial Ënnerstëtzung: Hëllef fir Kanner, déi Gewalt erlieft hunn, an Zesummeféierung vu Famillen.
✅ Bildung a Krisenzäiten: Grënnung vu Schoule fir geflücht Kanner a Verdeele vu Schoulmaterial.