Den Ebola-Virus verbreet sech aktuell nees an der Demokratescher Republik Kongo an an Uganda. Déi am stäerkste betraffe Regioun ass mat Konflikt, Verdreiwung a schwaache Gesondheetssystemer konfrontéiert. Fir Kanner a Famillen ass dës Situatioun eng zousätzlech Gefor.
Wat ass Ebola?
Ebola ass eng schwéier Viruskrankheet, déi ëmmer nees optrëtt an eng héich Stierflegkeet huet. De Virus gëtt ënner anerem duerch enke Kontakt mat infizéierte Persounen iwwerdro a kann zu schwéiere gesondheetleche Komplikatioune féieren. Zu de Symptomer gehéieren ënner anerem héicht Féiwer, Schwächt, Erbriechen an Duerchfall.

Hëlleft eis,
d’Kanner virun
Ebola ze schützen
Firwat ass déi aktuell Situatioun besuergneserreegend?
D’Situatioun vun de Gesondheetssystemer an de betraffene Regiounen ass souwisou schonn extrem ugespaant. Besonnesch problematesch ass, dass d’Impf- a Behandlungsméiglechkeete géint déi aktuell zirkuléierend Variant limitéiert sinn. Och wann de Risiko vun enger internationaler Verbreedung geréng ass, ass d’Situatioun an der Regioun kritesch. Präventioun, Sensibiliséierung an eng séier Hëllef op der Plaz sinn dofir entscheedend.
D’UNICEF géint Ebola
D’UNICEF ass um Terrain präsent an ënnerstëtzt déi betraffe Bevëlkerung. Mir intervenéieren ënner anerem duerch:
- Sensibiliséierung vu Famillen a Communautéiten iwwer d’Iwwerdroung vum Virus, Schutzmoossnamen a Preventioun
- Verdeele vun Hygiènesproduiten, Schutzmaterial, Drénkwaasser a Material fir d’Waasser ze rengegen
- Ënnerstëtzung vu Gesondheetszentren an den Asaz vun Noutfall- a Gesondheetsekippen um Terrain
- Mobiliséierung vu Gesondheetsaarbechter aus de Communautéiten, fir Famillen ze ënnerstëtzen, och a schwéier accessibele Regiounen
- Psychosozial Ënnerstëtzung fir betraffe Kanner
- Koordinatioun vun der Hëllef mat Partneren ewéi der WHO an afrikanesche Gesondheetsautoritéiten
Séier Hëllef ass entscheedend. Ënnerstëtzt d’UNICEF dobäi, d’Kanner géint Ebola ze schützen.




