Genau wéi zu Lëtzebuerg steet och am Togo d’Rentrée virun der Dier. D’Land huet an de leschte Jore grouss Fortschrëtter gemaach: Haut gi bal 98 % vun de Kanner am Primärschoulalter an d’Schoul. Mee an d’Schoul ze goen, heescht net automatesch, och richteg léieren ze kënnen. Ronn 82 % vun den zéngjärege Kanner hunn nach ëmmer Problemer, en einfachen, altersgerechten Text ze liesen an ze verstoen.

De Kanner eng staark Grondlag fir d’Zukunft ginn
Zesumme mat eise Partner schaffe mir, d’Qualitéit vun der Bildung am Togo ze verbesseren an d’Basiskompetenze vun de Kanner ze stäerken. D’Zil ass, dass all Kand schonn an den éischte Schouljoren dat néidegt Wëssen an déi wichtegst Kompetenze kritt, fir säi Schoulwee erfollegräich weiderzegoen a seng Zukunft ze gestalten.
D’Ënnerstëtzung vun der UNICEF ëmfaasst ënner anerem:
- Schoulmaterial fir Kanner aus benodeelegte Famillen
- d’Fërderung vun der fréikandlecher Bildung, fir d’Kanner optimal op d’Schoul virzebereeden
- d’Stäerkung vun de Grondkompetenzen am Liesen, Schreiwen a Rechnen
- d’Formatioun an d’Begleedung vun den Enseignante mat pedagogeschen Usätz, déi op d’Besoine vun de Kanner ofgestëmmt sinn
- d’Sensibiliséierung vu Famillen a Gemengen, fir d’Scolarisatioun ze fërderen
- d’Promotioun vun der Bildung vu Meedercher, vun Inklusioun a vum Kannerschutz
- d’Schafe vu sécheren an inklusive Léierëmfelder.

Bildung ass de Schlëssel fir d’Zukunft
Eng gutt Bildung hëlleft de Kanner, Wëssen, Selbstvertrauen a wichteg Kompetenzen ze entwéckelen. Si gëtt hinnen d’Méiglechkeet, hir Zukunft selwer ze gestalten an hir Dreem ze verwierklechen. Gläichzäiteg dréit si op laang Siicht dozou bäi, Ongläichheeten ze reduzéieren.




