D’Michèle, eng 37 Joer al Lëtzebuergerin, schafft säit 5 Joer am Bangkok fir d’UNICEF. Och an Thailand ginn et, wéi iwwerall op der Welt, grouss Erausfuerderunge wéinst dem COVID-19. Wéi setzt d’UNICEF sech op der Platz an a wou gëtt nach Hëllef gebraucht – mir hunn mam Michèle geschwat.
Wéi gesäit däin Aarbechtsalldag momentan aus?
Mir schaffe lo schonns säit engem Mount vun doheem. Ech deele mäin Homeoffice mat mengem Mann, deen Online-Konschtkuere gëtt, a këmmere mech em eis zwee kleng Butzen (3 Joer a 7 Méint), wat heiansdo zu Chaos an Ënnerbriechunge féiert.
Meng Aarbecht dréint sech elo natierlech staark em de COVID-19: Plange vun der Hëllef, Koordinatioun a Rapporte maache fir Donateuren, Partner an aner Acteuren. Mir verbrénge vill Zäit a virtuelle Reuniounen, mä et fonctionéiert awer ganz gutt.
Wéi ass d’Situatioun am Land? Mat wéi engen Erausfuerderungen hutt dir ze kämpfen?
An Thailand geet d’Zuel vun den neien Infektioune lues a lues erof an et gëtt iwwert eng Oplockerung vun de Mesuren diskutéiert, änlech wéi zu Lëtzebuerg. Mä och wann d’Gesonndheetskris fir de Moment ënner Kontroll schéngt, sou sinn d’Repercussiounen op d’Wirtschaft an op d’Liewensgrondlage vun de Leit enorm.
An Thailand, schaffen iwwer 60% vun den Aarbechtskräften am sougenannten informelle Sektor, ouni Regulatioun an ouni sozial Protektioun. Déi Äermste sinn am stäerkste betraff. Duerch des Kris sinn och vill Familljen, déi virdrun iwwer der Aarmutsgrenz gelieft hunn, an d’Aarmut gerutscht, wat virun allem d’Kanner haart trëfft.
D’Schoulen si momentan nach zou. Distance Learning ass technesch a finanziell net fir all Kand méiglech. Nëmmen 3 vun 10 aarme Familljen hunn Zougang zum Internet, wat bedeit, datt déi Kanner benodeelegt si wann d’Schouljoer nees ufänkt. D‘UNICEF ënnerstëtzt den Educatiounsministère fir méi equitabel Optioune fir den Distance Learning auszeschaffen, déi alle Kanner d’Méiglechkeet gi weiderhin ze léieren, och a Krisenzäiten.
Zu de vulnerabele Gruppe gehéieren och d’Migrantefamilljen aus deene méi aarmen Nopeschlänner, wéi dem Laos, Cambodia a Myanmar.
Wéi hëlleft d’UNICEF Thailand op der Platz a fir wéi eng Beräicher gëtt nach Hëllef géint de COVID-19 gebraucht?
An den éischten Deeg a Wochen hunn mir virun allem Sensibiliséierungsaarbecht geleescht fir de Social Distancing an d’Hännwäschen ze promouvéieren. Mir hunn Seefen an Desinfektiounsmëttel verdeelt an Instruktioune fir d’Elteren, d’Léierpersonal a privat Entreprisë produzéiert a verdeelt. Fir de Gesondheetssystem ze ënnerstëtzen huet d’UNICEF Testkits zur Verfügung gestallt.
Mir schaffe mat der Regierung zesumme fir sécher ze goen, datt benodeelegt Familljen a vulnerabel Gruppen eng méi héich finanziell Ënnerstëtzung kréien. Sozial Schutzsystemer mussen elo an der Kris, mee och laangfristeg verbessert ginn.
Et ass ze erwaarden, datt duerch d’Ausgangsspär de Mëssbrauch vu Kanner a Fraen am eegenen Doheem an d’Luucht geet. Et gëtt och mat enger erhéichter Unzuel un Schwangerschafte bei mannerjärege Meedercher gerechent. Dowéinst sicht d’UNICEF Thailand no weidere Fonge fir de Protektiounssystem ze stäerken a Mataarbechter fir esou Fäll ausbilden ze kënnen.
Et ginn och onbedéngt Spende gebraucht fir d’Migrantefamilljen ze ënnerstëtzen, déi all Akommes verluer hunn an deenen hir Kanner, schätzungsweis iwwert 25,000, Hëllef op méi wéi enger Front brauchen: Ernierung, Educatioun, Spillsaachen, Zougang zu medezinescher Versuergung an sou weider.
D’Situatioun ass eescht a weltwäit ginn et a ville Beräicher Erausfuerderungen. Hëlleft och dir bei eiser weltwäiter Aarbecht géint de COVID-19. Esou laang net all Kand an all Erwuessenen a Sécherheet ass, ass et kee vun eis. Mir mussen also elo nach méi staark zesummenhalen.