No zwee Joer voller onvirstellbarem Leed ass déi laang erwaarte Wafferou eng historesch Chance. Elo kann d‘UNICEF seng Aarbecht verstäerken an nach vill méi Kanner mat liewenswichteger Hëllef erreechen. Honnerte vu Camione mat wichtegen Hëllefsgidder – dorënnertherapeutesch Liewensmëttel Mëllech fir schwéier ënnerernäert Kanner – si prett a fueren elo an d‘Gazasträif.
Säit dem 22. August 2025 ass d’Hongersnout an der Gazasträif offiziell confirméiert. Méi wéi 500.000 Leit, déi meescht dovu Kanner, liewen aktuell ënnert Bedéngunge vun extremem Honger.

Extremen Honger
D’Hëllef vun der UNICEF an der Gazasträif
Dank der Wafferou kann d’UNICEF seng Hëllef an der Gazasträif verstäerken, fir d’Kanner virun der Hongersnout ze schützen:
- Zousätzlech mobil Ekippen: fir eng séier Erkennung an eng direkt Behandlung vun ënnerernäerte Kanner. A fir nach méi Famillen z’erreechen.
- Therapeutesch Liewensmëttel: Kakuette-Paste, therapeutesch Mëllech a Mikronärstoffer, déi mir mat héchster Prioritéit an de Gazasträif liwweren, fir ënnerernäert Kanner ze behandelen.
- Ënnerstëtzung fir Mammen a Puppelcher: Narungszousätz a speziell Kichelcher voller Närstoffer, fir Fraen déi schwanger sinn oder stëllen.
- Kontinuitéit vun der Behandlung: sécherstellen, dass d’Kanner hir Behandlung ouni Ënnerbriechung weiderféiere kënnen, a Famillen informéieren, wou Hëllef disponibel ass.
Firwat en Don un d’UNICEF?
D’UNICEF spillt eng Schlësselroll am Kampf géint d’Hongersnout an der Gazasträif. Als Leader vum “Nutrition-Cluster” koordinéiere mir vill Partner a verstäerken Nouthëllef, fir Liewen ze retten. Mat Ärer Ënnerstëtzung kënne mir vital Behandlung bidden an déi vulnerabelst Kanner schützen.
D’UNICEF huet ni opgehalen, de Kanner an der Gazasträif ze hëllefen. Elo gëtt d’Wafferou eis d’Méiglechkeet, vill méi Kanner vill méi séier z’erreechen – an et ass dréngend néideg, well d’Hongersnout Dausende vu Kanner a Liewensgefor bréngt.
Loosst eis dës Chance notzen, fir Liewen ze retten. Ënnerstëtzt eis am Kampf géint den Honger!




