Wann e Kand net genuch z’iesse kritt, da geréit seng ganz Zukunft a Gefor. Aktuell leide bal 45 Millioune Kanner ënner fënnef Joer un akuter Ënnerernierung – dovun iwwer 12 Milliounen an der schwéierster, liewensgeféierlecher Form. Weltwäit lieft eng vu véier Persounen an enger Situatioun vu Liewensmëttelonsécherheet.
Ënnerernärung heescht net nëmmen „ze wéineg z’iessen hunn“. Si hënnert d’Kanner drun, gesond opzewuessen, ze léieren a sech z’entwéckelen. Wa wichteg Närstoffer feelen, gëtt de Kierper schwaach, d’Entwécklung gëtt méi lues, an d’Kanner gi méi ufälleg fir Krankheeten.

Hëlleft, den Honger ze bekämpfen
D’UNICEF am Asaz géint den Honger
D’UNICEF setzt sech weltwäit dofir an, dass all Kand vun Ufank u genuch z’iesse kritt. Eise ganzheetlechen Usaz kombinéiert Präventioun, fréi Erkennung, Behandlung an Resilienz.
- Präventioun: Ënnerstëtzung vu schwangeren a stëllende Fraen, Sensibiliséierung fir gesond Ernierung.
- Fréi Erkennung: Reegelméisseg Miessunge fir Risiken ze entdecken, éier et ze spéit ass.
- Effikass Behandlung: Verdeele vun therapeutescher Narung (Kakuette-Past, therapeutesch Mëllech) a Stäerkung vum Gesondheetssystem.
- Resilienz stäerken: Besseren Zougang zu propperem Waasser, Gesondheetsversuergung a lokale Ressourcen, fir d’Famillen och a Krisen ze schützen.

Vietnam: Ernärung trotz Chaos
Nodeems Iwwerschwemmungen hiert Doheem an der Provënz Tuyên Quang zerstéiert hunn, haten d’Hương an hir Duechter Thảo (1) weder Stroum nach proppert Waasser. Wéinst dem Manktem u Liewensmëttel konnt d’Mamm net méi richteg stëllen.
Eng séier Evaluatioun huet gewisen, datt Thảo eng mëttelméisseg akut Ënnerernärung hat an hatt krut eng ugepasst therapeutesch Ernärung.

Somalia: Ënnerernärung mat therapeutescher Narung bekämpfen
D’Luul (2) kritt Päckelcher mat therapeutescher Narung an engem UNICEF-Zenter. Hatt gouf mat schwéierer akuter Ënnerernärung diagnostizéiert a fir d’éischt am Spidol stabiliséiert, wou hatt therapeutesch Mëllech, Mikronärstoffer an e medezinesche Suivi krut.
Rezent Miessunge weisen eng däitlech Verbesserung: d’Behandlung schléit un.




