Léiert den Unnie kennen, d’Maskottche vun UNICEF Lëtzebuerg
“Moien, schéin, dass Dir hei sidd. Vläicht wonnert Dir Iech, wien ech sinn? Ech sinn den Unnie, d’Maskottche vun UNICEF Lëtzebuerg, an ech géif Iech gären eppes Flottes virstellen: d’Méiglechkeet, Global Parent ze ginn. Den Numm seet et schonn – als Global Parent gitt Dir zu enger Aart Superheld fir d’Kanner op der ganzer Welt, andeems Dir hinnen hëlleft, glécklech a gesond opzewuessen.“
Unnie
Wisou sollt een e reegelméissegen Donateur ginn?
Andeems Dir all Mount spent, erméiglecht Dir der UNICEF, nohalteg Projeten, déi e groussen Afloss op d’Liewe vun de Kanner hunn, ze plangen an ëmzesetzen. Dir hëlleft ausserdeem sécherzestellen, dass de Kanner hir Rechter respektéiert ginn. Donieft kritt Dir exklusiv Ablécker an eis Aarbecht souwéi perséinlech Iwwerraschunge vum Unnie.
Virdeeler dovun, Gobal Parent ze ginn
Wéi ginn Är reegelméisseg Donen genotzt?
A méi wéi 190 Länner setze mir eis dofir an, dass all Kand sécher a gesond opwiisst a säi vollt Potenzial entfale kann. Eis humanitär Hëllef konzentréiert sech virun allem op Kriseregiounen an ëmfaasst all d’Beräicher vum Liewen an der Entwécklung vun de Kanner.

Urgencen
Mir liwwere Liewensmëttel, Waasser a Medikamenter an ënnerstëtzen den Opbau vu beschiedegter Infrastruktur souwéi de Bau vu klimaresistent Infrastruktur.