Welt
kanner
dag
20. November
20. November
Den 20. November ass de Weltkannerdag, de weltwäiten Aktiounsdag vun der UNICEF fir Kanner, vu Kanner. Op dësem Dag, dem Joresdag vun der Ënnerschrëft vun der Kannerrechtskonventioun, feiere mir d’Kannerrechter.
Egal, ob als Privatpersoun, als Entreprise, als Gemeng oder och als Schoul, jidderee ka beim Weltkannerdag matmaachen an op dës Aart a Weis en Zeeche fir d’Kanner an hir Rechter setzen. Heifir ginn et verschidde Méiglechkeeten: Dir kënnt entweder un eisem #GoBlue deelhuelen oder verschidden Aktivitéiten organiséieren.
Setzt en Zeechen, #GoBlue! Iwwer 100 Gebaier, ëffentlech Plazen a Monumenter goufen iwwer d’Jore blo beliicht, fir Solidaritéit mat de Kannerrechter ze weisen. Maacht mat, andeems och Dir Gebaier a Blo erstrale loosst oder Iech blo unditt. Dir kënnt och Bäiträg op Social Media verëffentlechen.
Alter Domus, Arendt & Medernach, Avis Rent a Car Luxembourg, Bank of China, Banque Raiffeisen, Barreau de Luxembourg, B Medical Systems, CA Indosuez Wealth, Campus An der Dällt Munsbach, Chambre des Députés, Château d’Urspelt, Crèche Botterblumm, Crèche Butzemillen, Crèche et Foyer de Jour ROYAL KIDS, Crèche la Luciole 3, Crèche Weiler-la-Tour, Ebos, Ecole Internationale de Mondorf-les-Bains, Ecole Privée Sainte-Anne, Eldoradio, EIGT Ecole Internationale Gaston Thorn, JC Decaux, Kidscare – Crèches et foyers de jour, KPMG Luxembourg, Le Fonds Belval, Les Amis du Château de Vianden a.s.b.l, Lifepartners Insurance & Solutions, lux-Airport, Luxembourg for Finance, Luxembourg Sustainable Finance Initiative, Lycée classique de Diekirch, Maison Relais Biberen Schifflange, Ministère de la Mobilité et des Travaux publics, Musée d’Art de la Ville de Luxembourg, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, Philharmonie Luxembourg, Quintet Private Bank, Radio ARA, REAZN, RTL Group, SEA Dudelange, SEA Bettembourg, Sportlycée, State Street Luxembourg SA, Trifolion Echternach, Triodos Investment Management BV, SEAS Lorentzweiler, Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois, Zentrum fir Politesch Bildung an d’Gemenge vu Berdorf, Bertrange, Differdange, Esch-sur-Alzette, Flaxweiler, Grevenmacher, Hesperange, Kayl, Kehlen, Lenningen, Luxembourg, Mertert, Mertzig, Mersch, Mondercange, Niederanven, Nommern, Pétange, Sandweiler, Schengen, Schuttrange, Steinfort, Strassen, Remich, Roeser, Rumelange, Waldbillig, Walferdange a Wormeldange.
Datum | Organisateur | Beschreiwung |
---|---|---|
09. & 16. & 20.11 | UNICEF Luxembourg & Radio ARA | Interview mat den UNICEF Youth Ambassadors beim Radio ARA |
10. – 24.11. | Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois | Bloe Fändel op der Stater Gare |
13. – 20.11. | Château d’Urspelt | Blo Fändelen |
13. – 20.11. | Gemeng Réiser | Blo Fändelen |
13. – 20.11. | Gemeng Rëmeleng | Blo Fändelen |
15.11. | UNICEF Luxembourg & Zentrum fir Politesch Bildung & Administration judiciaire | Atelier Youstice: D’Schüler kucken sech e Geriichtprozess un a spillen e fiktive Prozess no fir méi iwwer hir Rechter ze léieren |
17.11. | UNICEF Luxembourg & Ville de Luxembourg | Inauguratioun vun eiser Ausstellung iwwer d’Kannerrechter mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer op der Place de Strasbourg |
17.11. | SEAS Lorentzweiler – Croix-Rouge | Aktivitéiten zu de Kannerrechter + Ausstellung um1 järege Gebuertsdag vum lokale Familjentreff |
17. – 21.11. | Kidscare – Crèches et foyers de jour | Blo Aktivitéiten mat de Kanner & dinn sech blo un |
18.11. | Walfer Schoul & Walfer Bicherdeeg | Sensibilisatioun iwwert d’Kannerrechter & Kannertheater « Den Arthur fält duerch d’Welt » |
20.11. | UNICEF Luxembourg & Eldoradio | Interview mat den UNICEF Youth Ambassadors beim Eldoradio |
20.11. | UNICEF Luxembourg & Chambre des Députés | UNICEF Youth Ambassadors interviewen d’Politiker an der Chambre des Députés |
20.11. | Gemeng Leideleng | Mënscheketten zesumme mat de Schoulkanner |
20.11. | Crèche Italien SEA Dudelange | Fotoe vun de Kanner, Austausch mat de Famillen, Verdeele vu Léiermaterial |
20.11. | Chambre des Députés | Bloe Logo |
20.11. | Maison Relais Schëffleng Biberen | D’Kanner bastelen eng Bréifkëscht a bemoolten eng Graffiti Mauer |
20.11. | Maison Relais Kielen | Atelieren zu de Kannerrechter |
20.11. | Primärschoul Kielen | Atelieren zu de Kannerrechter, Plakater & Cortège ronderem de Schoulcampus |
20.11. | Maison Relais Boudersberg SEA Dudelange | Maison Relais Boudersberg SEA Dudelange |
20.11. | Maison Relais Baltzing SEA Dudelange | Atelieren zu de Kannerrechter |
20.11. | Gemeng Nidderaanwen | Tableau mat de Kanner vun der Museksschoul |
20.11. | Art à l’école Cessange | Konschtwierker zum Thema Kannerrechter |
20.11. | Gemeng Gréiwemaacher | D’Personal vun der Gemeng, Primärschoul an Museksschoul deet sech blo un |
20.11. | Foyer de Jour Rockids Dudelange 2 | Aktivitéit mat de Kanner |
20.11. | Crèche et Foyer de Jour ROYAL KIDS | Aktivitéit mat de Kanner |
20.11. | B Medical Systems | Intern Sensibiliséierung fir de Weltkannerdag an d’Kannerrechter |
20.11. | JCDecaux | Solidaritéitsmessagen op den Ecran’en: lux-Airport, Belval Plaza, Cora Foetz an Knauf Pommerloch & Schmiede |
20.11. | Lifepartners Insurance & Solutions | Solidaritéitsmessagen um Internetsite an den sozialen Medien |
20.11. | Crèche Botterblumm | Aktivitéit mat de Kanner |
20.11. | Triodos Investment Management BV | Verëffentlechung vun engem Artikel zum Thema famillenfrëndlech Aarbechtspolitik |
20.11. | REAZN | Solidaritéitsmessagen op de soziale Medien |
20.11. | Ebos | Solidaritéitsmessagen op de soziale Medien |
20.11. | Avis Rent a Car Luxembourg | Déi ganz Equipe deet sech blo un |
20.11. | lux-Airport | Kids Takeover |
20.11. | Luxembourg Sustainable Finance Initiative | Solidaritéitsmessagen op de soziale Medien |
20.11. | SEA Reebou Bettembourg | Aktivitéit mat de Kanner |
20.11. | RTL Group | Solidaritéitsmessagen op den Ecran’en |
20.11. | CA Indosuez Wealth | D’Equipe deet sech blo un |
20.11. | Gemeng Mäerzeg | Solidaritéitsmessagen op de soziale Medien an de Panneauen |
20.11. | Crèche la Luciole 3 | Personal a Kanner dinn sech blo un |
20.11. | Crèche Weiler-la-Tour | Aktivitéit mat de Kanner |
20.11. | Campus An der Dällt Munsbach | Gruppefoto mat selwer gebasteltem Plakat iwwert d’Kannerrechter & blo Kleeder |
20.11. | Barreau de Luxembourg | Banner virum Gebai & Solidaritéitsmessagen op de soziale Medien |
20.11. | EIGT Ecole Internationale Gaston Thorn | Atelieren zu de Kannerrechter, blo Kleedung & Bastele vun enger Girland aus bloe Männercher |
20.11. | P3FR Ecole Internationale de Mondorf-les-Bains | Diskussioun iwwert d’Kannerrechter a Bastele vun enger Girland |
20. – 23.11. | Sportlycée | Aktiounen zu de Kannerrechter & Spendenaktioun duerch e Kuchverkaf |
20. – 24.11. | UNICEF Luxembourg | Zesumme mat aneren Associatiounen organiséiere mir Atelieren zum Thema Kannerrechter |
20. – 24.11. | Crèche Butzemillen | Aktivitéit zu de Kannerrechter & Ballone fléie loossen |
05.01.2024 | Banque Raiffeisen | Visite guidée an Ateliere fir d’Kanner |
Wann Dir wëllt beim GoBlue matmaachen oder eng aner Aktivitéit/en Event fir de Weltkannerdag wëllt organiséieren, da schreift Iech an eisen offizielle Kalenner an.
Fir d’Kannerrechtskonventioun ze feieren, mécht d‘UNICEF all Joer am Allgemengen op d’Kannerrechter opmierksam a speziell op den Artikel 12, deen all Kand d’Recht garantéiert, gehéiert ze ginn an eng aktiv Roll an der ziviller Gesellschaft ze spillen.
Virun e bëssi méi wei 30 Joer hunn déi féierend Weltpolitiker sech fir e gemeinsaamt Zil agesat an hunn zesummen d’Konventioun adoptéiert. Dëse wichtegen Accord huet d’Liewe vu Millioune Kanner verännert.
20. November
Merci un jiddereen, deen fir de Weltkannerdag en Zeeche fir d’Kannerrechter gesat huet an bei eiser La Ola Challenge matgemaach huet. Dobäi ass e super Video a ganz sécher déi längste virtuell La Ola vu Lëtzebuerg entstanen.
MERCI MERCI MERCI ! #uniceflaola
20. November
RTL Lëtzebuerg huet e Reportage doriwwer gewise wéi wichteg de Weltkannerdag ass a mat wéi ville Problemer d’Kanner weltwäit, trotz Kannerrechtskonventioun, konfrontéiert sinn.
20. November
Eis Youth Ambassadors hunn wärend dem Weltkannerdag eise Facebook & Instagram Account iwwerholl. Mir wollten hinnen eng Stëmm ginn an si iwwer Theme schwätze loossen déi hinnen um Häerze leien. #takeover
20. November
B Medical Systems hunn en Takeover mat Kanner organiséiert an zousätzlech Aktivitéite wéi de #GoBlue an d’#UNICEF Laola ënnerholl. Och hier Büroen an Indien hunn Sensibiliséierungssessioune proposéiert fir d’Schoulkanner iwwer hir Rechter ze informéieren.
20. November
Op RTL Radio Lëtzebuerg waren de ganze Weltkannerdag iwwer Messagen ze héieren, déi d’Stella, 7, d’Amelia, 10, de Finn, 12 an den Eli, 13, opgeholl hunn.
20. November
18. November
D’Videoanimatioun « Mir All hu Rechter! » sensibiliséiert Kanner vun 3 bis 6 op hir Rechter. Zesumme mam Liz a Leepa entdecken d‘Kanner d’Rechter vun der Kannerrechtskonventioun (duerch Geschichten, Animatiounen a Gesang). Déi lëtzebuergesch Versioun gouf realiséiert mat Hëllef vum Jang Linster.
17. November
D’Gemeng Weiler-la-Tour huet zesumme mat der Maison Relais “Bei de Steekauzen” e super flotte Video fir de Weltkannerdag opgeholl fir en Zeeche fir d’Kannerrechter ze setzen. Si ginn deene Jonken eng Stëmm! Villmools Merci un all déi Bedeelegt.
16. November
De Paul Heber (Kommunikatiounschef vum UNICEF Lëtzebourg) war Invité an der Sam Steen Show op RTL Today.
16. November
Dräi vun eise Jugendambassadeuren, d’Lilou (15), d’Hannah (17) an de Georg (17) waren Invitéen op Eldoradio fir iwwer hir Aarbecht mat der UNICEF ze schwätzen.
16. November
Cité judiciaire Lëtzebuerg
De YOUstice Workshop sensibiliséiert Jonker ab 15 Joer fir d’Justiz. Fir d’Grondiddie vun der Justiz ze verstoen, hunn d’Schüler*innen ee Strofprozess observéiert an dono an engem Rollespill d’Roll vun engem Acteur vun der Justiz iwwerholl. D’Thema: Violatioun vu Kannerrechter. Si haten och d’Geleeënheet mat engem Procureur, Riichter*in an/oder Affekot*in ze diskutéieren an iwwert d’Roll vun der Justiz an engem Rechtsstaat a generell iwwert d’Kannerrechter nozedenken.
Den Atelier gouf proposéiert a Collaboratioun mam Zentrum fir politesch Bildung an der Justizverwaltung.
15. November
Zwee vun eise Jugendambassadeuren, d’Vanessa (18) a de Philipp (17), sinn Invitéen an der RTL Morningshow, fir iwwer d’Rechter vun de Kanner an hir Aarbecht mat der UNICEF ze schwätzen.
Organiséiert vun UNICEF Lëtzebuerg, ënnert dem Patronage vum MENJE (Service des droits de l’enfant), freet dëse Concours Kanner a Jugendlecher, wéi si sech d’Schoul vu muer virstellen, a bitt hinnen d’Méiglechkeet hir Visiounen, Wënsch an Erwaardunge fir d’Zukunft auszedrécken.
D’UNICEF Täschebuch vun de Kannerrechter erklärt déi 54 Artikele vun der Kannerrechtskonventioun. Mir proposéieren 2 Versiounen: eng fir Kanner vu 6 bis 12 Joer an eng fir Jugendlecher ab 12 Joer.
Aalt Stadhaus, Amii Watson, APECB, B Medical Systems, Babilou Family Luxembourg, Banque Internationale à Luxembourg – Bil, Banque Raiffeisen, BGL BNP Paribas, Bram City Concorde, Cactus, Car Car by Sam, CFL, Commune de Bertrange, Bettembourg, Clervaux, Dippach, Frisange, Helperknapp, Junglinster, Mamer, Mondorf-les-Bains, Niederanven, Pétange, Schengen, Weiler-la-Tour, Connexion, Crèches et foyers de jour Butzemillen, Dammenturnveräin Bouserdall, Deloitte Luxembourg, Ecole fondamentale Angelsbierg, Ecole fondamentale Gilsdorf, Ecole fondamentale Weiler-la-Tour, Ecole privée Sainte-Anne, Eldoradio, European School of Luxembourg I, FC Déifferdeng 03, FC Käerch, Fonds de Belval, Fund Channel, ING Luxembourg, IP Luxembourg, JAF Luxembourg, Janette Magazine, Lënster Lycée International School, Lifepartners Insurance & Solutions, Lycée classique de Diekirch, Lycée Ermesinde, Lycée technique du Centre, Maison Relais « Bei de Steekauzen », Maison Relais « Reewiermecher » Alzéng, MOAST Creative Studio, Moniflo, Musée national d’histoire naturelle Luxembourg, Nouvelle école fondamentale Schouweiler, Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg, Quintet Private Bank, RTL Group, Rudi Weber Reparaturen, Sportlycée Lëtzebuerg, Sub Aqua Readenge sur Attert – SARA, Tessy Antony de Nassau, Theaterveräin Bouser Spektakel, Trifolion Echternach, Veiner Schull, Vianden Castle, VIBBALL Echternach, Ville d’Ettelbruck, Ville de Grevenmacher, Ville de Luxembourg.
UNICEF Lëtzebuerg
6, rue Adolphe Fischer
L-1520 Luxembourg
Tel.: (+352) 44 87 15
Email: contact@unicef.lu