CDI – min. 30 Stonnen d’Woch
Zu Ären Aufgabe gehéieren ënnert anerem:
- Grafesch Kreatioune fir sozial Medien an d’Internetsäit vun UNICEF Lëtzebuerg
- Layout maachen a Contenu kreéiere fir den Drock an digital Medien
- Nei Formater konzipéieren a kreéieren
Äre Profil
- Dir beherrscht Adobe Creative Suite (Indesign, Photoshop & Illustrator) ganz gutt
- After effects& Premiere Pro sinn e Bonus
- Dir schwätzt a schreift Lëtzebuergesch (obligatoresch), Franséisch, Däitsch an och Englesch
- Dir hutt ganz gutt redaktionell Kapazitéiten
- Dir kënnt gutt nolauschteren, sidd virwëtzeg an hutt Teamgeescht
- Dir weist Initiativ, sidd organiséiert a verantwortlech
- Dir sicht no Léisungen
- Dir hutt mindestens 5 Joer Erfarung
- Dir hutt eng staark Motivatioun fir den humanitäre Secteur
Mir bidden
- Eng villsäiteg, inspiréierend a verantwortungsvoll Aufgab bei enger professioneller an internationaler Organisatioun.
- D’Méiglechkeet Iech anzebréngen a weider z‘entwécklen.
- D’Schaffen an enger dynamescher Equipe an engem innovativen Ëmfeld.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif an Diplomer) w.e.g. bis de 1. Juli 2020 un UNICEF Lëtzebuerg
- per Courrier un UNICEF Lëtzebuerg, 6, rue Adolphe Fischer, L-1520 Luxembourg
- Online iwwert eise Site