Iwwer 20 Millioune Leit, dorënner 10 Millioune Kanner, am Har vun Afrika waren 2022 op Waasser- a Liewensmëttelhëllef ugewisen. Bal zwou Millioune Kanner an Ethiopien, Somalia a Kenia si vu schwéierer Ënnerernierung menacéiert. D’COVID-19-Pandemie wéi och de Krich an der Ukrain hunn de Risk vun enger Hongersnout weider verschäerft.
Et ass eng Katastroph, wéi mir se an de leschte 40 Joer net gesinn hunn. Handelt elo an ënnerstëtzt eis humanitär Hëllef um Terrain. Sief déi gutt Noriicht an enger Welt voller schlechter Noriichten!
D’Situatioun um Har vun Afrika spëtzt sech weider zou
D’Har vun Afrika, dat Djibouti, Eritrea, Ethiopien, Kenia a Somalia ëmfaasst, erlieft de Moment déi schlëmmsten Dréchent zanter Joerzéngten. Déi vill ze schwaach Nidderschléi vun de leschte Reeperiode suerge fir ee vun de schlëmmste klimateschen Noutfäll vun de leschte 40 Joer, duerch dee Millioune Leit un Honger leiden.
Well d’Recolten ausbleiwen, d‘Véih ageet an Drénkwaasserquellen ausdréchnen, si vill Famille gezwongen, op der Sich no Iessen a propperem Waasser alles zeréckzeloossen. Duerch d’Ënnerernierung an de Risk vu Krankheeten, déi duerch d’Waasser iwwerdroe ginn, si vill Kanner a Liewensgefor, wa si déi dréngend benéidegt Hëllef net kréien.
Schonn d’COVID-19-Pandemie a verschidde Konflikter hunn déi humanitär Hëllef um Terrain erschwéiert an zum Beispill d’Präisser vum RUTF (ready-to-use therapeutic food) eropgedriwwen. De Konflikt huet an der Ukrain net nëmmen dofir gesuergt, dass d’Kris am Har vun Afrika an den Hannergrond geréckelt ass, mee och d’Liewensmëttelpräisser an d’Luucht gaange sinn an den Import vu Weess reduzéiert gouf. Wéinst de weltwäit klammende Liewensmëttel- a Kraaftstoffpräisser kënnen sech vill Leit an Ethiopien, Kenia a Somalia keng Grondliewensmëttel méi leeschten, sou dass hiert Liewen an dat vun hire Kanner a Gefor ass.
Ënnerstëtzt UNICEF mat Ärem Don:
UNICEF ass um Terrain an hëlleft, Liewen ze retten
Dag fir Dag hëlleft d’UNICEF Kanner an iwwer 190 verschiddene Länner a versuergt si mat där Ënnerstëtzung, déi si esou dréngend brauchen. Am Fall vun der Dréchent am Har vun Afrika ëmfaasst des Aarbecht ënnert anerem folgend Beräicher:
Drénkwaasser
An de betraffene Regioune gi Buere fir proppert Drénkwaasser gebuert. Zesumme mat Partner bréngt UNICEF dëst mat Camionen an déi Gebidder, déi am schlëmmste betraff sinn.
Medezinescht Ekipement
UNICEF bréngt wichtegt medezinescht Ekipement wéi Woen a speziell Moossbänner an d`Gesondheets- an Ernierungszentren, fir dass Mangelernierung esou fréi ewéi méiglech kann erkannt a behandelt ginn.
Mobil Gesondheetsekippen
An deene Regiounen, déi méi schwéier ze erreeche sinn, si mobil Teams ënnerwee, fir de betraffene Kanner déi Hëllef ze ginn, déi si esou dréngend brauchen.
Therapeutesch Liewensmëttel
UNICEF versuergt déi am stäerkste betraffe Regioune mat therapeutesche Liewensmëttel wéi enger spezieller Past aus Kakuette mat immens villen Närstoffer a Kalorien.
Kanner ewéi dat klengt Obsinale sinn op Är Hëllef ugewisen
Dat hei ass d’Obsinale, eent vun de Kanner, déi am Spidol wéinst Mangelernierung behandelt ginn. Deem ee Joer ale Meedche geet et am Verglach zum Ufank vu senger Behandlung scho besser. Senger Zwillingsschwëster, mat där hatt zesummen hei ukoum, konnt viru Kuerzem vun der Statioun entlooss ginn.
Mir vun UNICEF hëllefen um Terrain, andeems mir d’Gesondheets- an Ernierungszentre mat therapeutesche Liewensmëttel a medezineschem Ekipement versuergen. Ären Don ënnerstëtzt eis dobäi, Millioune Kanner ewéi dem Obsinale déi liewensnoutwenneg Hëllef ze bidden, déi si esou dréngend brauchen.