Akut Gefor fir d’Kanner
D’Nout vun de Kanner am Noen Osten ass aktuell extrem grouss. E puer Dausend koume schonn ëm d’Liewen oder goufe verletzt. Nach ëmmer ginn der vill vermësst, déi warscheinlech ënnert de Ruine vun den zerstéierte Gebaier begruewe goufen. Méi wéi 1,5 Millioune Leit goufen innerhalb vun der Gazasträif verdriwwen. D’Hallschent dovu si Fraen a Kanner.
D’Kanner leiden am meeschten ënnert dem Konflikt
Souwuel an Israel wéi och a Palästina ass de Kanner hiren Alldag momentan vu Gewalt an Angscht gepräägt. Dobäi sinn si am mannste schold un der aktueller Situatioun. Wärend mir wëssen wéi politesch komplex a perséinlech widderspréchlech dës Situatioun ka sinn, ass der UNICEF hire Standpunkt ganz kloer: Mir stinn op der Säit vun de Kanner. Fir eis ass et eng absolut Prioritéit, all d’Kanner an hir Rechter ze schützen, egal, wou si hierkommen a wien si sinn.
Ugrëff op Zivilisten an Infrastruktur
An der Gazasträif si ronn eng Millioun Kanner aktuell a ganz grousser Nout. Net just d’Bombardéierunge bréngen hiert Liewen a Gefor, och d’Ugrëff op zivil Infrastruktur stellen en ëmmer méi grousse Problem duer. Déi liewenswichteg Grondversuergung ass zu engem groussen Deel ausgefall.




„E Kand ass e Kand. Kanner op der ganzer Welt sollten zu all Moment geschützt ginn an dierfen nimools zur Zilscheif ginn.“
Catherine Russell, Generaldirektesch vun der UNICEF
Ausfall vun der Grondversuergung a liewenswichtege Servicer
Spideeler ginn ugegraff an als provisoreschen Ënnerdaach benotzt, déi medezinesch Versuergung ass zesummegebrach. Proppert Drénkwaasser a Grondnarungsmëttel sinn extrem knapp, den Zougang fir humanitär Hëllef bleift schwiereg. Duerch de Mangel u Kraaftstoff gëtt kee Waasser gepompelt, d’Ofwaasser kann net richteg traitéiert an den Offall net richteg entsuergt ginn. Déi allgemeng Hygiène verschlechtert sech an de Risiko vu schwéiere Krankheetsausbréch geet an d’Luucht.
Liwwerung vu liewensrettenden Hëllefsgidder
D’UNICEF fuerdert en humanitäre Waffestëllstand an en onageschränkten Zougang fir humanitär Hëllef. Vun Ägypten aus brénge mir séit Enn Oktober Hëllefsgidder mat Camionen an d’Gazasträif. Sou ekipéiere mir ënnert anerem Spideeler mat medezineschem Material wéi Medikamenter a Verbänn a liwwere Waasser a Spideeler an op déi Plazen, wou d’Leit e provisorescht Ënnerdaach fannen. De Besoin un Hëllefsgidder bleift awer weiderhi riseg.
Bereetstelle vu psychosozialer Ënnerstëtzung
No den Attacken op Israel an de ville Bombardementer an der Gazasträif hunn d’Kanner op béide Säite kierperlech a mental Schied dervu gedroen. Et ass elo elementar, de Kanner eng psychosozial Hëllef zur Verfügung ze stellen. D’UNICEF bitt hinnen déi Ënnerstëtzung gradewéi Fräizäitaktivitéiten, déi hinnen hëllefen, dat Erlieftent ze verschaffen.
An dësem Krich, wéi an alle Kricher, sinn et virun allem d’Kanner, déi de Präis vum Konflikt bezuelen. UNICEF fuerdert eng direkt humanitär Paus an e sécheren Zougang, fir d’Kontinuitéit vu vitale Servicer fir Kanner z’etabléieren an ze garantéieren.