Responsable Services Donateurs
(m/w/d); Min. 32 Stonnen d’Woch (CDI) ab dem 1. November 2024
Iwwer eis
UNICEF schafft an 190 Länner a Gebidder fir d’Liewe vu Kanner ze retten. Fir hir Rechter ze verteidegen. Fir hinnen ze hëllefen, hiert Potenzial ze erreechen. A mir ginn ni op.
D’Missioun vun UNICEF Lëtzebuerg, déi 1979 gegrënnt gouf, ass d’Ëffentlechkeet iwwert d’Situatioun vun de Kanner z’informéieren a Fongen ze sammele fir déi weltwäit Projete vun UNICEF ze ënnerstëtzen. Eis Aarbecht baséiert komplett op fräiwëllege Contributiounen.
Är Missioun
Als Mataarbechter vun eiser Ekipp, ënnerstëtzt Dir virun allem d’Beräicher Fundraising, Verkaf a Kontabilitéit, an hutt follgend Aufgaben:
- Encodéiere vun Donen
- Virbereedung a Verschécke vu Remerciementen un eis Donateuren
- Gestioun vun Telefonsappellen, Courrieren an Emailen
- Mise à jour vu Kontakter an eiser Datebank
- Hëllefe bei der Organisatioun vun Evenementer
- Hëllefe mat der Gestioun vun eise Benevollen
- Facturatioun a Preparatioun vu Commanden
- Clienten am Buttek zerwéieren
- Ofhängeg vun der Situatioun an och vun den Talenter vum neie Mataarbechter kënnen aner Aufgaben dobäi kommen
Är Kompetenzen
- Dir hutt Erfarung mat der Gestioun vun Datebanken.
- Dir schwätzt a schreift Lëtzebuergesch (obligatoresch), Franséisch, Däitsch an Englesch. All aner Sprooch ass e Virdeel.
- Dir kënnt gutt mat Leit ëmgoen.
- Dir sidd virwëtzeg, gewëssenhaft an op Zack.
- Dir kënnt selbstänneg schaffen a Responsabilitéiten iwwerhuelen a fannt awer och Är Plaz an enger Equipe.
- Dir sidd flexibel a polyvalent.
- Dir sidd prezis, gutt organiséiert a stressresistent.
Är Ausbildung a Beruffserfarung
- Dir hutt e Lycéesofschloss + 2
- Dir hutt mindestens 4 Joer Erfarung an enger änlecher Funktioun
Mir bidden
- Eng villsäiteg, inspiréierend a verantwortungsvoll Aufgab bei enger professioneller an internationaler Organisatioun
- D’Méiglechkeet Iech anzebréngen a weider z’entwéckelen
- D’Schaffen an enger dynamescher Ekipp an engem innovativen Ëmfeld
Schéckt w.e.g. Är Kandidatur (CV, Motivatiounsschreiwes, Kopië vun den Diplomer) un UNICEF Lëtzebuerg, 6, rue Adolphe Fischer, L-1520 Luxembourg, bis den 1. November 2024 oder online op unicef.lu/jobs.
- Type du contrat : CDI min 32/Woch
- Durée du contrat : CDI
- Limite d'inscription : 01/11/2024