Afghanistan ass ee vun de Länner mat den häertste klimatesche Konditioune weltwäit, wat virun allem fir d’Kanner geféierlech ass. D’Wantere sinn extreem kal, mat Temperaturen déi dacks ënner -30°C falen.
Schnéi a geféierlech Stroossebedéngungen isoléieren ofgeleeën Dierfer méintlaang an erschwéieren den Zougang zu essenzielle Servicer wéi Bildung a medezinescher Versuergung. Säit Joerzéngten ass d’UNICEF op der Plaz a bitt eng ëmfaassend Ënnerstëtzung, dorënner eng liewenswichteg Wanterhëllef, fir betraffe Famillen a Kanner ze schützen.
Wanter am Afghanistan: Eng extreem Erausfuerderung
Gefore fir d’Kanner
- Erkrankunge vun den Otemweeër: Drastesch Hausse vun de Krankheetsfäll duerch schlecht isoléiert Haiser.
- Ënnerernärung: Verschlechterung vun der Ernärungssituatioun duerch limitéierten Zougang zu grondleeënde Liewensmëttel.
- Sozial Konsequenzen: Famille musse schwéier Entscheedungen treffen, fir z’iwwerliewen (Kanneraarbecht, Kannerhochzäiten).
De Wanter verschlëmmert d’Kris am Afghanistan
Déi extreem Keelt trëfft e Land, dat scho mat schwéieren ekonomeschen an humanitäre Problemer ze kämpfen huet. Famillen, déi duerch Naturkatastrophen, Konflikter a Verdreiwung geschwächt sinn, sinn am schlëmmste betraff.
Villen afghanesche Flüchtlingen, déi aus Nopeschlänner wéi dem Pakistan an dem Iran zeréckkommen, feelt et un allem, wat d’Kris nach weider verschlëmmert. Vill vun hinnen hu just e limitéierten Zougang zu narhafte Liewensmëttel, soudass besonnesch fir d’Kanner en erhéichte Gesondheetsrisiko besteet.
UNICEF Wanterhëllef
UNICEF liwwert Wanter-Kitten, och an déi ofgeleeënst Regiounen. Dës Kitten enthale waarmt Gezei fir Kanner an Erwuessener souwéi Decke fir déi ganz Famill. Säit 2022 hu mir iwwer 32.750 vun dëse Kitten am Afghanistan verdeelt, fir d’Kanner waarm ze halen an hiert Iwwerliewe sécherzestellen.
Fir op d’Hausse vun den Infektioune wärend de kale Méint ze reagéieren, suerge mir fir eng adäquat medezinesch Versuergung. Mir liwweren zum Beispill essenziell Medikamenter un d’Gesondheetszenteren, fir Erkrankunge vun den Otemweeër effektiv ze behandelen.
Hëlleft eis, d’Kanner waarm ze halen!