Eng global Erausfuerderung
De Klimawandel ass e Phänomen mat katastrophale Follgen, dat eis all betrëfft an zu laangen Dréchenten, extremen Hëtztwellen, heftege Stierm an Iwwerschwemmunge féiert. Och an Europa kënnt et ëmmer méi oft zu onkontrolléierbare Bëschbränn an Iwwerschwemmungen, wat déi weltwäit Auswierkunge vum Klimawandel verdäitlecht.

D’Kanner sinn
am verletzlechsten
Auswierkungen op d’Kanner: Eng Kris vun de Kannerrechter
D’Kanner sinn zwar net fir d’Klimakris verantwortlech, leiden awer am meeschten dorënner. Hir Ufällegkeet géigeniwwer Krisen ass alarmant. Naturkatastrophen an extrem Wiederbedéngunge féieren zu Masseverdreiwungen, der Zerstéierung vu wichteger Infrastruktur, zum Ausfall vu Recolten souwéi zu engem Liewensmëttel- a Waassermangel. Doduerch gi Millioune vu Kanner zur Flucht gezwongen, leiden u schwéierer akuter Ënnerernärung a si geféierleche Krankheete wéi Malaria an der Dengueféiwer ausgesat.
A just sechs Joer goufen 43,1 Millioune Kanner duerch klimabedéngt Katastrophen innerhalb vun hirem Land verdriwwen. Dat entsprécht ongeféier 20.000 Kanner pro Dag. D’Haaptursaache fir dës Verdreiwunge sinn Iwwerschwemmungen a Stierm.
D’Zuele schwätze fir sech a klamme weiderhin
Der UNICEF hir Hëllef bei klimabedéngte Katastrophen
D’UNICEF gräift bei Naturkatastrophe schnell an effektiv an a leescht virun, wärend an no Krisen eng entscheedend Nouthëllef:
- Verdeelung vu liewenswichtegen Hëllefsgidder: proppert Waasser, Liewensmëttel, waarm Kleeder, Medikamenter, Hygiènesartikelen
- Oprechterhalen an Opbau vu liewensnoutwennegen Déngschtleeschtungen
- Psychosozial Ënnerstëtzung fir Kanner
Klimaresistent Infrastruktur
D’UNICEF fërdert innovativ Moossnamen, fir d’Grondversuergung méi klimaresistent ze maachen. Dobäi bleiwen d’Auswierkungen op d’Ëmwelt minimal. Zu dëse Moossname gehéieren d’Fërderung vun erneierbaren Energien an d’Entwécklung vun enger nohalteger Infrastruktur, fir e sécheren an dauerhaften Zougang zu Waasser, Hygiène, medezinescher Versuergung a Bildung fir d’Kanner ze garantéieren.
Ënnerstëtzung vu Regierungen am Beräich Nohaltegkeet
Tëschent 2018 an 2021 huet d’UNICEF Nohaltegkeets- a Klimaprogrammer an de wichtegste soziale Beräicher an 81 Länner ënnerstëtzt. Dës Ënnerstëtzung ass entscheedend, fir d’Widderstandsfäegkeet vun de Communautéite géigeniwwer zukünftege klimateschen Erausfuerderungen ze stäerken.
Mir brauchen Iech
Fir d’Kanner weiderhin ze schützen an hir Zukunft ze sécheren, gëtt d’Ënnerstëtzung vun all Eenzelnem gebraucht. De gemeinsamen Engagement ass noutwenneg, fir d’Auswierkunge vum Klimawandel ofzeschwächen an eis vulnerabelst Bevëlkerungsgruppen ze schützen.