Eng gesond Ernärung an eng aktiv Liewensweis spillen eng entscheedend Roll fir d’Wuelbefanne vun de Kanner. Allerdéngs ass et am Alldag net ëmmer einfach, dës Gewunnechten ëmzesetzen. Mat dëser Konferenz, déi mir zesumme mam Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse organiséieren, wëlle mir Iech konkret Beispiller an Tipps mat op de Wee ginn, déi dir als Elteren an ärem Alldag ëmsetzen kënnt.
Nieft Tipps vu Fachleit erwaarden Iech och lokal Partnerorganisatioune mat Infostänn a prakteschen Atelieren. Dës Konferenz wäert op Lëtzebuergesch/Däitsch a Franséisch gehale ginn. Iwwersetzer wäerte present sinn.
Wéini a wou?
20. November 2025
Centre Sociétaire Cents
Programme
17:30 – 17:40 | Begréissung & Aféierung
17:40 – 18:10 | Virtrag “Raus aus dem Alltag – rein in die Bewegung!”
Dr. Sandra Heck, Institut national de l’activité physique et des sports (INAPS) & LUNEX International University of Health, Exercise and Sports
18:10 – 18:15 | Virtrag Eltereforum
18:15 – 18:45 | Paus, Catering & Besuch vun Info-Stänn
18:45 – 19:15 | Virtrag “Gesond Iessen am Familljenalldag a mat de Kanner”
Anne Marx, Cheffe adjointe de la division de la médecine préventive, Direction de la
santé
19:15 – 19:25 | Q&A
19:25 – 19:30 | Ofschloss

