Maacht mat beim Weltkannerdag
Den 20. November ass Weltkannerdag, de weltwäiten Aktiounsdag vun der UNICEF fir Kanner, vu Kanner. Op dësem Dag, dem Joresdag vun der Ënnerschrëft vun der Kannerrechtskonventioun, feiere mir d’Kannerrechter.
Egal, ob als Privatpersoun, als Entreprise, als Gemeng oder och als Schoul, jidderee ka beim Weltkannerdag matmaachen an op dës Aart a Weis en Zeeche fir d’Kanner an hir Rechter setzen. Heifir ginn et verschidde Méiglechkeeten: Dir kënnt entweder un eisem #GoBlue deelhuelen oder verschidden Aktivitéiten organiséieren.
Fir Iech bei Ärer Participatioun ze ënnerstëtzen, hu mir en Toolkit mat Visuellen & Virschléi fir Social-Media-Posts, wéi och aner praktesch Materialien zesummegestallt.
Wat si Kannerrechter?
Fir d’Kannerrechtskonventioun ze feieren, mécht d‘UNICEF all Joer am Allgemengen op d’Kannerrechter opmierksam a speziell op den Artikel 12, deen all Kand d’Recht garantéiert, gehéiert ze ginn an eng aktiv Roll an der ziviller Gesellschaft ze spillen.
Am Joer 1989 hunn déi féierend Weltpolitiker sech fir e gemeinsaamt Zil agesat an hunn zesummen d’Konventioun adoptéiert. Dëse wichtegen Accord huet d’Liewe vu Millioune Kanner verännert.
#GoBlue
Setzt en Zeechen, #GoBlue! Iwwer 100 Gebaier, ëffentlech Plazen a Monumenter goufen iwwer d’Jore blo beliicht, fir Solidaritéit mat de Kannerrechter ze weisen. Maacht mat, andeems och Dir Gebaier a Blo erstrale loosst, Iech blo unditt oder Iech eng blo Aktivitéit afale loosst. Post Är Fotoen op mam Hashtag #GoBlue op Social Media a markéiert @unicefluxembourg.












Aner Iddien fir Aktivitéiten
Fir Gemengen
- Maacht eng Ausstellung zu de Kannerrechter
- Organiséiert zesumme mat Jonken en Austausch (Kannerkonferenz, Jugendforum, …)
- Hänkt eng Iddien-Bréifkëscht op, fir Iddien ze sammelen, wéi Är Gemeng méi kannerfrëndlech ka gestalt ginn
- Loosst eng faarflech an thematesch passend Graffiti-Mauer maachen
- Maacht op Äre soziale Medien an op Ärer Websäit op d’Kannerrechter opmierksam. Am Toolkit fannt Dir Inspiratioun dofir.
Fir Schoulen
Grondschoulen (Cycle 2 bis 4), Lycéeën, Maisons Relais a Kompetenzzentren:
Maacht beim UNICEF YES-Day mat, enger internationaler Initiativ, déi d’Kannerrechter a speziell d’Recht op Matbestëmmung feiert. Gitt Äre Schüler eng Stëmm a loosst si matbestëmme wéi de Weltkannerdag an hirer Schoul oder Klass soll ausgesinn.
Schoulen a Maisons Relais: Cycle 1 a 2.1:
Vum Weltkannerdag bis zur Chrëschtvakanz proposéiert all Dag eng Kaart eng flott Aktivitéit, mat där d’Kanner hir Rechter op eng spilleresch Aart a Weis entdecken a verstoe kënnen.
Fir Entreprisen
- Gidd Äre Mataarbechter d’Méiglechkeet, hiert Kand mat op d’Aarbecht ze bréngen
- Facilitéiert Diskussiounen iwwert e familljefrëndlecht Aarbechtsëmfeld
- Organiséiert fir d’Kanner eng Visite guidée vun Ärer Entreprise
- Start, zesumme mat Äre Mataarbechter, eng Spendenaktioun zugonschte vun de Kanner
- Maacht op Äre soziale Medien an op Ärer Websäit op d’Kannerrechter opmierksam. Am Toolkit fannt Dir Inspiratioun dofir.
Aschreiwung
"*" indicates required fields




