Weltwäit ginn haut esou vill Meedercher an d’Schoul wéi nach ni – e bedeitende Schrëtt an déi richteg Richtung, deen Hoffnung mécht. Trotzdeem: Nach ëmmer hu weltwäit ongeféier 122 Millioune Meedercher am schoulflichtegen Alter keen Zougang zu Bildung. Aarmut, Kannerbestietnis, Diskriminatioun, Naturkatastrophen, Verdreiwung a Krisen huelen hinnen d’Chance, hiert Potenzial voll ze entfalen.
Firwat d’Bildung fir Meedercher esou wichteg ass
Meedercher, déi léieren däerfen, si besser géint Gewalt geschützt, hunn eng besser Gesondheet, méi berufflech Méiglechkeeten a kënnen hiert Liewe selwer gestalten. Si treffen eegen Entscheedungen – a veränneren net nëmmen hiert eegent Liewen, mee och dat vun hire Communautéiten a vu Generatiounen no hinnen.

Staark Meedercher.
Staark Zukunft.
Wéi d’UNICEF d’Bildung fir Meedercher ënnerstëtzt
- Schoulofschloss sécherstellen – z. B. duerch geziilt Léierhëllef an d’Schafung vu sécheren a frëndleche Léierëmfelder, fir dass Meedercher net virzäiteg d’Schoul ofbriechen.
- Digital a berufflech Kompetenze stäerken – z. B. duerch d’Installatioun vu Léierplaze mat Internetzougang an d’Ubidde vu Computercoursen, besonnesch an deene Regiounen, wou Meedercher kaum Internetzougang hunn.
- Gesondheet an Dignitéit fërderen – z. B. duerch d’Bereetstelle vu Menstruatiounsproduiten an d’Verbesserung vu Sanitäranlagen an de Schoulen.
- Schutz géint Gewalt a Diskriminatioun – z. B. duerch Opklärungsaarbecht a Zesummenaarbecht mat de Communautéiten, fir Hindernisser wéi Diskriminatioun oder Kannerbestietnis entgéintzewierken.
- Bildung a Krisenzäiten oprechterhalen – z. B. duerch temporär Klassesäll, Online-Coursen an d’Liwwerung vu Schoulmaterial, fir dass d’Meedercher och an Noutsituatioune weider léiere kënnen.




