D’mental Gesondheet ass virun allem bei Jonke weltwäit an och hei zu Lëtzebuerg en Thema, dat hinne staark um Häerze läit an si vill beschäftegt. Virun allem an der Schoul begéine vill Jonker Erausfuerderungen, déi hinnen zu schafe maachen. Mat eiser Campagne wëlle mir iwwert d’Thema sensibiliséieren a weisen, datt et ville Jugendlechen esou geet a keen aleng mat senge Problemer ass.
Ëmfro an de Schoulen
Mir wollte vu Schüler aus dem Lycée wëssen, wéi wichteg hinne mental Gesondheet ass, ob dës an der Schoul behandelt gëtt a wéi eng Erausfuerderungen si am meeschte beschäftegen.
Iwwer 250 Schüler, d’Hallschent dovun tëscht 15 a 17 Joer, hu matgemaach an op eis Froe geäntwert. Hei d’Resultater:
Aktivitéite vun eise Youth Ambassadors
Eis Youth Ambassadors wëllen sech aktiv fir d’Thema mental Gesondheet asetzen, Informatioune sammelen a sensibiliséieren. Dofir hunn si wärend hirem Trip op Genf d’Méiglechkeet genotzt fir d’Direktesch Dr. Dévora Kestel vum Mental Health and Substance Use Department vun der WHO zum Thema ze befroen.