Zu Mosambik hunn unhalend staark Reefäll massiv Iwwerschwemmunge verursaacht, an en Zyklon huet d’Regioun matten an der Tropestuerm-Saison getraff. Wunnhaiser goufen zerstéiert, Schoulen a Gesondheetszentre schwéier beschiedegt. Honnerten Dausende vu Leit si betraff, bal d’Hallschent dovu si Kanner.
An e puer Regioune waren d’Infrastrukture fir Waasser a Gesondheet scho virun der Katastroph limitéiert. D’Iwwerschwemmunge verschäerfen dës Situatioun an ënnerbriechen den Zougang zu wichtege Servicer.
Verschmotzt Waasser a Cholera-Ausbréch
D’Iwwerschwemmunge verschmotzen d’Bueren an ënnerbriechen d’Drénkwaasserversuergung. An iwwerfëllten Noutënnerkonften verschlechtert sech d’Hygiène séier.
An dësem Kontext verbreet sech Cholera vill méi liicht. Fir Ausbréch anzedämmen, ënnerstëtze mir Zentren, an deene Cholera behandelt gëtt, a féieren Impf-Campagnen duerch, fir d’Kanner ze schützen an d’Verbreedung ze limitéieren.

Hëllef, déi Liewe rett
Virun, wärend an no den Iwwerschwemmungen
Eisen Engagement fänkt net eréischt mat der Katastroph un an hält och net do op.

Verdeelen vu liewenswichtegen Hëllefsmëttel
VIRUN…
… enger Katastroph stäerke mir lokal Kapazitéiten a positionéieren Hëllefsgidder schonn am Virfeld, fir direkt kënnen ze reagéieren.
WÄREND…
… den Iwwerschwemmunge brénge mir weider Hëllefsgidder, garantéieren den Zougang zu Drénkwaasser, verdeelen Hygiènes-Kitten, liwwere medezinescht Material a setze mobil Ekippen an, fir essenziell Gesondheetsservicer oprechtzeerhalen, besonnesch fir déi vulnerabelst Kanner.

Impfunge géint Cholera

Proppert Waasser an Hygiène fir Famillen
DUERNO…
… rehabilitéiere mir d’Infrastrukture fir Waasser, Gesondheet a Bildung, fir dass d’Communautéite besser op zukünfteg klimatesch Katastrophe virbereet sinn
All Don zielt
Bei enger Zerstéierung vun dësem Ausmooss zielt all Bäitrag. Mat Ärem Don hëlleft Dir, d’Kanner ze schützen, den Zougang zu propperem Drénkwaasser ze garantéieren an d’Widderstandsfäegkeet vun de Communautéiten ze stäerken – haut a muer.




