A Myanmar hunn déi staark Äerdbiewe vum 28. Mäerz 2025 eng vun de komplexsten humanitärer Krisen op der Welt weider verschäerft. Scho virum Biewe ware méi wéi 6,5 Millioune Kanner op Hëllef ugewisen.
D’Katastroph huet Dausende vu Leit blesséiert oder d’Liewe kascht. Bannent e puer Minutten hu vill Kanner Familljememberen an all Halt verluer. Haiser, Schoulen a Spideeler goufen zerstéiert a ganz Famillen hu kee Schutz, keng Ressourcen a keen Zougang zu essentiellen Servicer méi.
„Dëst Äerdbiewen ass e weidere Coup fir d’Kanner a Myanmar – vill vun hinne si scho mat dem Konflikt, Onsécherheet oder Aarmut konfrontéiert. Bannent just e puer Minutten hu si Familljemembere, hiert Doheem an den Zougang zu wichtege Servicer verluer. D’Besoinen si riseg a wuesse vu Stonn zu Stonn.“
Catherine Russell, Generaldirektesch vun UNICEF
D’UNICEF ass op der Plaz
D’UNICEF ass scho säit laanger Zäit a Myanmar präsent an huet direkt nom Biewen Nouthëllef mobiliséiert. Säitdeem si mir ronderëm d’Auer am Asaz, fir wichteg Hëllefsgidder bei d’Leit ze bréngen an hinnen en Zougang zu de wichtegste Servicer ze garantéieren, dorënner:
- Drénkwaasser an Hygiènes-Kitten, fir d’Verbreedung vu Krankheeten ze verhënneren
- Zelter a Baaschen, fir Famillen ouni Daach iwwer dem Kapp ënnerzebréngen
- Medezinesch an nutritiv Hëllef, fir déi Verletzten ze behandelen an déi vulnerabelst Kanner ze schützen
- Psychosozial Ënnerstëtzung, fir traumatiséierte Kanner ze hëllefen
- Sécher Raim fir Kanner, déi vun hirer Famill getrennt sinn, géint Gewalt an Ausbeutung ze schützen
Mir hu scho vill erreecht a Myanmar. Mee de Besoin ass nach ëmmer enorm a mir mussen eis Hëllef um Terrain verstäerken.

D’UNICEF stellt liewenswichteg Hëllef fir betraffe Famillen zur Verfügung.
Psychosozial Ënnerstëtzung: déi onsichtbar Wonnen heelen
Och Wochen nom Äerdbiewe liewe vill Kanner a Myanmar nach an engem Zoustand vu permanenter Angscht. Ouni déi richteg Ënnerstëtzung riskéieren si, dass déi psychesch Problemer si hiert Liewe laang begleeden. A sécheren, kannergerechte Raim bidde mir hinne psychosozial Ënnerstëtzung an eng Rei un Aktivitéiten. Hei kënnen d’ Kanner spillen, hir Gefiller ausdrécken an ufänken, dat Erlieften ze verschaffen – en éischte Schrëtt zeréck an d’Normalitéit.
Ären Don ka Liewe retten
Andeems Dir haut spent, hëlleft Dir der UNICEF, den am schlëmmste betraffene Kanner séier liewensrettend Hëllef zoukommen ze loossen. Säit méi wéi 70 Joer setzt d’UNICEF sech fir d’Kanner a Myanmar an, besonnesch an de Beräicher vun Ernärung, Bildung, Gesondheet, Waasserversuergung a Kannerschutz. D’lescht Joer eleng huet d’UNICEF ënner anerem 500.000 Kanner géint d’Riedele geimpft, iwwer 520.000 Kanner en Zougang zu Bildung ginn a ronn 709.000 Leit mat Drénkwaasser versuergt.




