22.100 Kanner brauchen dréngend humanitär Hëllef
De 26. August hu gewalteg Stuerzfluten d’Distrikter Rasuwa, Nuwakot an Dhading am Nepal verwüüst. Ganz Communautéite goufen zerstéiert. Op d’mannst 1.000 Mënschen hunn hiert Liewe verluer, an Dausende Leit ginn nach ëmmer vermësst. D’Zuel vun den Affer kéint weider klammen. (Stand: 03.09.2026)
Et gëtt geschat, dass 65.000 Mënschen, dorënner 22.100 Kanner, vun der Katastroph betraff sinn. Vill Famille ware gezwongen, hir Haiser ze verloossen. Verschidde Regioune si wéinst de Schied un de Stroossen, Brécken, Waasser- an Telekommunikatiounsnetzer nach ëmmer schwéier ze erreechen.
D’Kanner, déi d’Katastroph iwwerlieft hunn, brauchen elo Hëllef.
Eng aschneidend Katastroph am Liewe vun de vu Kanner
D’Kanner si verstäerkte Risiken ausgesat: Krankheeten, Ënnerernärung, psychologescher Belaaschtung, Gewalt an Ausbeutung. Verschidde Kanner goufen och vun hire Famille getrennt.
D’Iwwerschwemmungen hu ganz Haiser mat sech gerappt a wichteg Infrastrukture schwéier beschiedegt. Och Gesondheetsariichtunge si betraff, wat den Zougang zu medezinescher Versuergung erschwéiert – an dëst grad an engem Moment, an deem d’Besoine klammen. Op d’mannst 38 Schoule goufe komplett zerstéiert oder schwéier beschiedegt. Ronn 10.000 Kanner am Schoulalter brauchen direkt Hëllef, fir weider kënnen ze léieren

Hëlleft eis,
d’Kanner ze schützen
D’UNICEF ass op der Plaz
Op Ufro vun der Regierung vum Nepal schafft d’UNICEF mat den Autoritéiten a mat Partnerorganisatiounen zesummen, fir betraffe Kanner a Famillen ze ënnerstëtzen.
Dank den Hëllefsgidder, déi scho virun den Iwwerschwemmungen an der Regioun stockéiert waren, konnt d’UNICEF séier reagéieren. Eis Ekippe schaffen ënner anerem dorun:
✅ Drénkwaasser an Hygiènesmaterial zur Verfügung ze stellen
✅ Medezinesch Versuergung an dréngend Ernärungshëllef ze garantéieren
✅ Kanner, déi vun hire Famille getrennt goufen, ze schützen an erëm mat hire Léifsten zesummenzebréngen
✅ Betraffene Kanner eng psychosozial Ënnerstëtzung ze bidden
✅ Et de Kanner ze erméiglechen ze léieren – an engem sécheren Ëmfeld
✅ Déi vulnerabelst Famillen ze ënnerstëtzen, fir dass si hir wichtegst Besoinen decke kënnen
Ären Don mécht en Ënnerscheed
D’UNICEF rifft dréngend zu Ënnerstëtzung op, fir d’Nouthëllef an d’Rehabilitatiounsaarbechten kënne weiderzeféieren. Ouni séier a flexibel Finanzéierungen ass eis Fäegkeet, d’Kanner an Nout ze erreechen, staark ageschränkt.




Hëlleft de betraffene Kanner am Nepal
Spent elo! Är Ënnerstëtzung erméiglecht et der UNICEF, betraffene Kanner a Famillen am Nepal ze hëllefen.




