Op der ganzer Welt engagéiere sech Kanner a Jugendlecher fir eng besser Zukunft. UNICEF encouragéiert déi Jonk zu Lëtzebuerg dat selwecht ze maachen a Youth Ambassador ze ginn.
Zënter 3 Joer schafft d’UNICEF Lëtzebuerg mat Jugendlechen zesummen, déi hir eege Projeten ausschaffen an sech fir d’Rechter vun de Kanner asetzen. D’Youth Ambassadors sensibiliséieren iwwer d’Erausfuerderunge vun de Kanner uechtert d’Welt. Ausserdeem maachen si sech fir d’Chancëgläichheet vun all Kand staark a fuerderen aktiv an Entscheedungen agebonnen ze ginn.
UNICEF Lëtzebuerg sicht Verstäerkung fir de Grupp a bitt de Jonken d’Méiglechkeet, sech fir d’Kannerrechter ze mobiliséieren an nei Aktiounen ze lancéieren. Jidderee ka Virschléi maachen an eegen Iddien emsetzen, zum Beispill a Form vun Televisiounsoptrëtter, Radiosinterviewen, Zeitungsartikelen, Podcasts, Sensibiliséierungsstänn, Eventer a Social Media Posts.
Fir wien?
All Jonker tëscht 14 an 18 Joer, déi ab September Zäit hunn sech fir ee Joer (erneierbar) ze engagéieren, kënnen sech nach bis den 3. Juli mellen: unicef.lu/signup
Aktivitéiten an Highlights aus de leschte Joren: unicef.lu/youthambassadors
UNICEF Thrift Event
Organiséiert vu Jonke fir Jonker: den UNICEF Thrift Event, den 10. Juli zu Dummeldeng am Drescherhaus.
D’ UNICEF Youth Ambassadors wëllen doriwwer opklären, datt eist aktuellt Konsumverhale schwéier Konsequenze fir d’Ëmwelt huet an sech dëst dréngend ännere muss. Den éischte Schrëtt an déi richteg Richtung ass et Second Hand Kleedung anstatt nei Kleedungsstécker ze kafen. An esou ass d’Iddi vum Thrift Event entstanen.
Bis den 3. Juli kënnen sech Jonker umellen fir hir eege Verkafsstänn ze organiséieren. D’Aschreiwungskäschte vun 20 € ginn un de Projet „Conceptos Plasticos“ gespent, bei deem Plastiksoffall zu Zille recycléiert gëtt fir domadder Schoulen ze bauen. D’Suen vum Verkaf vun de Kleedungsstécker kënnen déi Jonk dobäi selwer halen.
Fir Gedrénks, Snacks, Musek a gutt Stëmmung ass gesuergt. Ausserdeem huet jiddereen d’Méiglechkeet bei der Tombola flott Fair Fashion Präisser ze gewannen. D‘Youth Ambassadors freeën sech iwwer jiddereen dee kennt – egal ob als Verkeefer oder Keefer.
Wou a wéini?
Den 10. Juli vun 10 bis 17 Auer zu Dummeldeng am Drescherhaus.
Méi Informatiounen an Umeldung fir en Verkafsstand: unicef.lu/thrift
Contact
Paul Heber
Chief Communication
T.: 448715-26
@: pheber@unicef.lu