2025 – E Joer mat Besoinen op Rekordniveau a verstäerktem Engagement fir d’Kannerrechter
D’Generalversammlung vun UNICEF Luxembourg huet de 26. Mäerz 2026 stattfonnt. Am Joer 2025 huet UNICEF Luxembourg 8,69 Milliounen € gesammelt, fir Kanner weltwäit ze ënnerstëtzen.
D’Joer war gepräägt vun enger Verschäerfung vun humanitäre Krisen, laang unhalende Konflikter an Naturkatastrophen. Gläichzäiteg ass déi international Finanzéierung ëmmer méi ënner Drock geroden. Vill Kanner sinn ënner extrem prekären Ëmstänn opgewuess, ouni Zougang zu medezinescher Versuergung, Bildung, propperem Drénkwaasser oder adequater Ernärung.
An dësem Kontext war d’Aarbecht vun der UNICEF essenziell, fir déi vulnerabelst Kanner ze schützen. Dank der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung konnte mir op vill Urgencë reagéieren, zum Beispill an der Gazasträif, an der Ukrain, am Myanmar, an der Demokratescher Republik Kongo an op Madagaskar.
Dëst huet dozou bäigedroen, den Zougang zu propperem Drénkwaasser, Gesondheetsversuergung, Ernärung, Bildung a psychosozialer Ënnerstëtzung fir Kanner a Krisen ze garantéieren. Eis Communautéit vu reegelméissege Spender, d’Global Parents, bleift e wichtege Pilier vun eiser Aarbecht.
Hir Ënnerstëtzung ass flexibel a fir d’UNICEF liicht anzeplangen. Si erlaabt eis, d’Ressourcen do anzesetzen, wou se am meeschte gebraucht ginn, laangfristeg Programmer ze sécheren, essenziell Systemer ze stäerken a séier op Noutfäll weltwäit ze reagéieren, fir nohalteg Resultater fir d’Kanner ze erreechen.
Global Parents
3.700 +
nei reegelméisseg Donateuren am Joer 2025
4.522.997 €
am Joer 2025 fir d’Kanner gesammelt

Finanzen an Transparenz
D’Generalversammlung huet d’Joreskonten approuvéiert, déi vum onofhängege Reviseur Ernst & Young S.A. gepréift goufen.
Als offiziell Vertriedung vun UNICEF am Grand-Duché garantéiert UNICEF Luxembourg d’Konformitéit net nëmme mat der nationaler Gesetzgebung fir ASBLen, mee och mat den internationale Standarde vu gudder Gouvernance a finanzieller Transparenz, déi iwwerall op der Welt fir de gesamten UNICEF-Reseau gëllen.
D’Konte ginn all Joer enger riguréiser Kontroll duerch en onofhängege Reviseur ënnerzunn, fir sécherzestellen, dass d’Fongen, déi zu Lëtzebuerg gesammelt goufen, zweckkonform agesat ginn. D’Vertraue vun eisen Donateuren ass essenziell. Mir geréieren all Don mat gréisster Suergfalt, am Aklang mat de Prinzippien hisiichtlech Effizienz, Verantwortung an Transparenz.
Am Kader vun engem kontinuéierleche Verbesserungsprozess huet UNICEF Luxembourg am Joer 2025 seng intern Prozeduren a Kontrollmechanismen am Detail iwwerpréift. Dëst huet gewisen, dass déi aktuell Systemer robust sinn, gläichzäiteg goufen awer och Méiglechkeete fir weider Verbesserungen identifizéiert, fir déi héchst Gouvernancestandarden ze garantéieren.
Et gouf och eng Formatioun zur Sensibiliséierung fir Bedruchsrisiken organiséiert fir d’Membere vum Conseil d’administration souwéi fir déi Mataarbechter, déi de Risike besonnesch ausgesat sinn. Zousätzlech huet déi komplett Ekipp eng spezifesch Formatioun am Beräich Cybersecurity gemaach, fir de Schutz vun de Systemer, Donnéeën a sensibelen Informatiounen ze stäerken.
2025 an Zuelen
Eis Projeten am Joer 2025

Eis Nouthëllef am Joer 2025
An der Gazasträif
266.703 € transferéiert
Mir hu Kanner a Famillen, déi vum Konflikt betraff sinn, ënnerstëtzt, andeems mir den Zougang zu Gesondheetsversuergung, propperem Drénkwaasser, Ernärungshëllef a psychosozialer Betreiung geséchert hunn – trotz extrem schwieregen humanitäre Konditiounen.
Am Myanmar
169.263 € transferéiert
Nom Äerdbiewen am Mäerz 2025 hu mir Nouthëllef fir Kanner a Famille geleescht, andeems mir proppert Drénkwaasser, medezinesch Versuergung, Ernärungshëllef a sécher Raim fir Kanner zur Verfügung gestallt hunn.
Eis Aarbecht zu Lëtzebuerg

Kanneraarmut
Mir hunn eng Etüd iwwer Kanneraarmut zu Lëtzebuerg publizéiert, déi weist, dass all véiert Kand nach ëmmer vun Aarmut oder sozialer Exklusioun bedrot ass, an hu konkret Recommandatioune fir d’Politik entwéckelt.
Zougang zur Justiz
Mir hunn eis Aarbecht weidergefouert, fir den Zougang zur Justiz fir Kanner ze verbesseren – ënner anerem duerch Konferenze fir Fachleit, d’Publikatioun vun engem praktesche Guide an eng national Informatiounscampagne iwwer d’Recht op gratis juristesch Hëllef.


Campagne #NetEleng
D’Campagne #NetEleng gouf am Joer 2025 weidergefouert. D’ Youth Ambassadors hu fir d’mentaalt Wuelbefanne vu Jonke sensibiliséiert. E wichtegt Highlight war e nationale Concours an de Lycéeën, bei deem d’Schüler Iddien entwéckelt hunn, fir Stress ze reduzéieren an d’Wuelbefannen ze stäerken.
UNICEF City Run
Am Joer 2025 hu mir och déi éischt Editioun vum UNICEF City Run organiséiert, bei där e puer honnert Participanten am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg zesummekoumen, fir sech fir d’Kanner weltwäit ze engagéieren.









