De Burkina Faso, de Mali an den Niger sinn dräi Länner an der Sahelzon, wou aktuell eng schlëmm Kris herrscht. Dës breet sech ëmmer weider aus. Insgesamt sinn 10 Millioune Kanner dréngend op humanitär Hëllef ugewisen.
De Waassermangel féiert zu Ënnerernärung a Krankheeten
Wéinst de Konflikter am Burkina Faso mussen d’Leit flüchten a sichen oft Schutz an den Nopeschlänner. Mee déi aner Länner an der Regioun hunn och mat enger schrecklecher Dréchent ze kämpfen, wouduerch sech d’Situatioun och do ëmmer weider zouspëtzt. Ausserdeem kënnt et säit 2022 ëmmer méi oft zu Attacken op d’Waasserinfrastruktur.
Den akute Waassermangel huet Konsequenze fir d’Gesondheet vun de Kanner. Well d’Recolte verdréchnen, hunn d’Kanner net genuch z’iessen an d’Zuel vun de Fäll vu schwéierer akuter Ënnerernärung hëlt staark zou. Dobäi kënnt och, dass potenziell déidlech Krankheeten sech duerch onproppert Waasser vill méi séier ausbreeden.

Mir sinn op der Platz
a leeschte liewenswichteg Hëllef
Esou hëlleft d’UNICEF de Betraffenen
Mir bekämpfen d’Ënnerernärung an der Sahelzon effikass a liwwere Waasser mat Camionen. Virun allem awer schaffe mir kontinuéierlech un der Entwécklung vu Léisungen, wéi mir de Kanner laangfristeg en Zougang zu sécherem Drénkwaasser garantéiere kënnen. Séchert Waasser an domat verbonnen eng verbessert Hygiène erméiglecht der UNICEF, Krankheeten anzedämmen a Liewen ze retten.
Mir bidden eng laangfristeg Ënnerstëtzung
Fir de Kanner och op laang Siicht ze hëllefen, setze mir op klimaresistent an nohalteg Léisungen, wéi beispillsweis solarbedriwwe Waassersystemer. Elleng am Mali konnte mir zejoert iwwer 160 vun dëse Systemer bauen an esou méi wéi 370.000 Awunner en Zougang zu propperem Waasser ginn. 2022 konnte mir am Ganze 820.000 Leit an der Sahelzon mat propperem a sécherem Drénkwaasser versuergen.
E puer Schüler stinn am Schoulhaff an der Schlaang, fir sech d’Hänn ze wäschen. D’UNICEF huet dës Schoul zu Dedougou am Weste vum Burkina Faso, wéi sëllegen aner Schoulen an der Regioun, mat engem solarbedriwwene Waassersystem ekipéiert. Esou konnte mir de Kanner op laang Siicht hëllefen, andeems mir hinnen en dauerhaften Zougang zu propperem Waasser ginn hunn.