8 Kanner, 8 Geschichten
Siwe Joer ass en Documentaire iwwert syresch Kanner, déi a Jordanien geflücht sinn. Mir hunn 8 Kanner interviewt a mat hinnen iwwert hiren Alldag geschwat.
Si hunn all eppes gemeinsam: Schoul.
Fir si ass Schoul méi wéi 4 Maueren. Schoul ass Léieren, Spill a Spaass, Frëndschaft a Secherheet.
Villmools Merci
Merci all Famillen a Leit déi eis hir Diren opgemaacht hunn.
Merci der Equipe vun UNICEF-Jordanien a speziell dem Samir Badran.
E besonnesche Merci un all d’Kanner fir hir Mataarbecht, hire Courage an hir Liewensfreed.