Am Sudan ass Krich säit méi wéi engem Joer, mat katastrophale Konsequenzen: Bal 14 Millioune Kanner sinn dréngend op humanitär Hëllef ugewisen. Onzieleg Leit goufe verdriwwen a leiden Honger. Mat iwwer 4,6 Millioune verdriwwene Kanner ass et déi schlëmmst Verdreiwungskris weltwäit. Elo drot d’Situatioun sech och nach zu der schlëmmster Hongerkris ze entwéckelen, mat 730.000 Kanner deenen den Hongerdoud drot.
D’Ernärungssituatioun am Sudan war säit 20 Joer net esou akut wéi haut. Ronn 9 Millioune Kanner si vun enger schlëmmer Liewensmëttelonsécherheet betraff an hu keen Zougang zu propperem Waasser. Laut Schätzunge sollen nach dëst Joer 4 Millioune Kanner ënner 5 Joer am Sudan un Ënnerernärung leiden, dorënner 730.000 u schwéierer akuter Ënnerernärung, der déidlechster Form.

Kanner a Gefor
Agéiert elo fir
d’Liewe vun de Kanner
am Sudan ze retten
Eise Kampf géint den Honger

Preventiounscampagnen
Mir féieren eng ganz Rei Preventiounscampagnen duerch. Déi weisen den Elteren déi bescht an effektivst Ernärungspraktiken, erklären hinnen, wéi si sécherstelle kënnen, dass hir Kanner all déi néideg Närstoffer kréien, a ginn hinnen Informatiounen souwéi dat néidegt Material, fir dass si och selwer Geméis ubaue kënnen.
D’Grënn fir den Honger am Sudan
Verschidde Faktoren si fir den Honger am Sudan verantwortlech a begënschtegen sech op dramatesch Aart a Weis géigesäiteg:
- Krich a Gewalt: D’Haaptversuerger vun de Famille kommen net selte bei de Konflikter ëm d’Liewen a vill Famille ginn ausgeraibert. D’Agrarproduktioun brécht zesummen an d’Famille kënne sech oft net méi selwer versuergen.
- Verdreiwung: Méifach Verdreiwungen zwéngen d’Famillen, hire Liewensënnerhalt opzeginn. Oft kommen si ënnererniert an e Flüchtlingslager an fanne kaum nach Liewensmëttel.
- Wirtschaftskris: Scho virum Krich hat de Sudan mat enger Wirtschaftskris ze kämpfen. D’Inflatioun huet d’Präisser vu Grondnahrungsmëttel ëm 300% an d’Luucht gedriwwen, wat et fir vill Famillje onméiglech mécht, Iessen ze kafen.
- Dréchenten an Iwwerschwemmungen: De Klimawandel verursaacht Dréchenten an Iwwerschwemmungen, duerch déi d’Véi an d’Recolten aginn. Domadder klammen d’Liewensmëttelpräisser weider.
Mir brauchen Är Hëllef
“De Krich schaaft eng déidlech Kombinatioun vu Verdreiwung, Krankheeten an Honger – e perfekt Zesummespill fir eng Hongersnout, déi duerch de Konflikt verursaacht gëtt, a fir de katastrophale Verloscht vu Kannerliewen. Kanner fänke keng Kricher un, mee si bezuelen den héchste Präiss. Mir mussen der Welt weisen wat de Kanner am Sudan geschitt an dorobber bestoen datt all Säiten am Konflikt der Gewalt an dem Krich en Enn setzen.”
Catherine Russell, Direktesch vun UNICEF