Kanner bleiwe vun der Gewalt net verschount
Déi eskaléierend Gewalt am Sudan bréngt d’Kanner a grouss Gefor! D‘Zuel vun deenen, déi bei de Kämpf ëm d’Liewe koumen oder verletzt goufen, ass erschreckend héich.

Onvirstellbaart Leed
Am Sudan steet
de Kanner hiert Liewen um Spill
De Konflikt verschlëmmert d’Situatioun vun de Kanner
D’Hongerkris spëtzt sech zou
De Sudan zielt zu de 15 Länner, déi weltwäit am schlëmmste vun der aktueller Ernärungskris betraff sinn. Scho virun der Eskalatioun vun der Gewalt hunn hei méi wéi 3 Millioune Kanner ënner 5 Joer un Ënnerernärung gelidden, ongeféier 650.000 dovu liewensbedrolech. Elo besteet d’Gefor, dass dem Land d’Reserven un therapeutescher Narung ausginn. Dës ass essentiel fir d’Kanner ze behandelen an hiert Liewen ze retten.
Gefor vun déidleche Krankheete klëmmt
Zousätzlech impfe mir scho laang esou vill Kanner wéi méiglech, fir si esou viru Krankheeten ze schützen. Duerch déi aktuell Kris, déi och duerch d‘ COVID-19-Pandemie erschwéiert gouf, feele ville Kanner wichteg Impfungen.
Honnertdausende Kanner sinn op der Flucht
Op d’mannst 450.000 Kanner hunn hiert Doheem wéinst de grausamen Ausernanersetzunge misse verloosse a sichen elo a Flüchtlingslager am Sudan selwer souwéi an den Nopeschlänner Schutz. Scho virun der Eskalatioun goufen et am Sudan ronn 3,7 Millioune Banneflüchltingen, déi an deels ganz prekäre Verhältnisser liewen.
D’Nopeschlänner, an déi vill Leit flüchte mussen, hunn oft selwer mat sëllege Krisen ze kämpfen. Am Tschad ass d’Zuel vun de Flüchtlingen elo scho méi héich wéi déi vun den Awunner an déi waarm Temperaturen, déi feelend Basisinfrastruktur an de begrenzten Zougang zu Liewensmëttel a Waasser stellen hei grouss Probleemer duer.
D’Kanner brauchen Är Ënnerstëtzung
“Dausende vu Kanner hunn zudéifst traumatesch Situatiounen erlieft oder sinn aus hiren Haiser verdriwwe ginn. Hir Situatioun bleift prekär. Eng international Ënnerstëtzung […] ass elo essentiel.“
Catherine Russell, Generaldirektesch vun der UNICEF
D’UNICEF leescht eng schnell an ëmfaassend Hëllef
D’Situatioun gëtt vun Dag zu Dag méi schlecht. Dofir ass eis Prioritéit, de sécheren Zougang zu Waasser, Liewensmëttel an Hygiène souwéi eng grondleeënd Gesondheetsversuergung ze garantéieren. Dëst maache mir och an de Flüchtlingslageren, wou d’Leit besonnesch vulnerabel sinn. Sou behandele mir zum Beispill Kanner, déi u schwéierer akuter Ënnerernärung leiden, an impfen sou vill wéi méiglech, fir Ausbréch vu schwéiere Krankheeten ze verhënneren. Domadder kënne mir déi grondleeënd Besoine vun de Kanner decken an hinnen eng liewenswichteg Ënnerstëtzung bidden.
