Basis Informatiounen
Iwwert de Weltkannerdag
All Joer den 20. November, fir d’Adoptioun vun der Konventioun iwwer d’Rechter vum Kand ze markéieren, sensibiliséiert d’UNICEF iwwert déi dréngendst Themen mat deenen d’Kanner konfrontéiert sinn, an invitéiert d’Kanner selwer matzemaachen. Sou mécht de Weltkannerdag op den Artikel 12 vun der Konventioun opmierksam, deen all Kand d’Recht garantéiert ze gehéiert ze ginn, matzemaachen an eng Roll am Biergerliewen vun hirer Gesellschaft ze spillen.
Iwwert Kannerrechtskonventioun
1989 hunn déi féierend Weltpolitiker sech fir e gemeinsaamt Zil agesat, an hunn zesummen d’Konventioun adoptéiert. Dëst internationaalt Ofkommes iwwer d’Kandheet, huet gehollef d’Liewe vun de Kanner ze verbesseren.
Och no 30 Joer sinn d’Kannerrechter haut genau sou relevant wei deemools. Allerdéngs huet d’Kandheet sech verännert. Dringend Moossname si néideg fir d’Kannerrechter ze schützen an ze fërderen, haut a fir zukünfteg Generatiounen.
Iwwert d’UNICEF
D’UNICEF schafft an 190 Länner an Territoiren fir d’Liewe vun de Kanner ze retten. Fir hir Rechter ze verteidegen. Fir hinnen ze hëllefen hiert Potenzial ze realiséieren. A mir ginn ni op. Dëst bedeit eng grouss Verantwortung an en enorme logisteschen Effort. Eis Aarbecht ass nëmme méiglech dank engem globalen Netzwierk vu Partner an eisen Equipe ronderëm d’Welt.
Haaptmessagen
- De Weltkannerdag ass weltwäiten Aktiounsdag vun UNICEF fir Kanner, vu Kanner, deen d’Adoptioun vun der Konventioun iwwer d’Rechter vum Kand, den 20. November, markéiert. Op dësem Dag plädéiert d’UNICEF, mécht Sensibiliséierung a sammelt Fongen fir déi dréngendst Themen, déi d’Kanner betreffen.
- Vun Auckland op Amman, New York op Nairobi, iwwerhuelen d’Kanner d’Kontroll a molen d’Welt blo fir d’Kannerrechter.
- De Kanner musse nogelauschtert ginn an si mussen eescht geholl ginn an deenen Entscheedungen, déi se betreffen.
- De COVID-19 huet gewisen wéi Ongläichheeten d’Rechter vun all Kand beaflossen. Kanner a jonk Leit konzentréieren sech op Themen déi fir hir Generatioun wichteg sinn – vum Klima bis zur mentaler Gesondheet, der Erzéiung, dem Rassismus an der Diskriminatioun – a fuerderen Erwuessener op eng besser Zukunft ze schafen, elo wou mir eis lues a lues vun der Pandemie erhuelen.
- Kanner hunn eng aner Perspektiv wéi Erwuessener a produzéiere nei a kreativ Léisunge fir déi grouss Problemer vun der Welt. Elo wou d’Welt sech vun der COVID-19 Pandemie erhëllt, ass et méi wichteg wéi jee datt d’Welt op hir Fuerderunge lauschtert.
Kontakt
Paul Heber
Chief Communication
Tél. : +352 44 87 15 – 26
Email : pheber@unicef.lu
Martine Karier
Digital Communication
Tél. : +352 44 87 15 – 23
Email : mkarier@unicef.lu