Den 24. Juni hunn zwee staark Äerdbiewen den Norde vu Venezuela getraff a massiv Zerstéierung verursaacht. Haiser, Schoulen a wichteg Infrastrukture goufe schwéier beschiedegt. Dausende Famillen hu keen Ënnerdaach méi, méi wéi 1.450 Leit sinn ëm d’Liewe komm, vill anerer ginn nach vermësst an et ass ze fäerten, dass d’Zuel vun den Affer nach weider klëmmt.
Dës Katastroph trëfft e Land, dat souwisou scho staark geschwächt war. Scho virun den Äerdbiewen hu vill Famillen a grousser Aarmut gelieft an hate kaum Zougang zu de wichtegste Servicer.

Hëlleft eis
d’Kanner ze beschützen
Kanner si besonnesch betraff
No enger Katastroph vun dësem Ausmooss sinn d’Kanner besonnesch vulnerabel. Vill vun hinnen hunn traumatesch Erliefnisser matgemaach, hiert Doheem verluer oder goufen vun hirer Famill getrennt. Ouni séier Hëllef si si engem erhéichte Risiko vu Krankheeten, Ënnerernärung, Gewalt an Ausbeutung ausgesat.
Wéi d’UNICEF de Kanner a Venezuela hëlleft
D’UNICEF ass säit ville Joren a Venezuela aktiv a setzt sech elo an, fir de Kanner an hire Famille sou séier wéi méiglech ze hëllefen.
An de Gebitter, déi vun den Äerdbiewen betraff sinn, mécht d’UNICEF ënner anerem Folgendes:
- verdeelt wichteg Hëllefsgidder wéi Éischt-Hëllef- an Hygiènes-Kitten souwéi Drénkwaasser
- bitt medezinesch Nouthëllef, Ernärungsënnerstëtzung a suergt dofir, dass d’Impfservicer weider kënne garantéiert ginn
- ënnerstëtzt d’Sich no Familljememberen an hëlleft, Kanner, déi vun hirer Famill getrennt goufen, erëm mat hinnen zesummenzebréngen
- schaaft sécher Raim a provisoresch Léierraim fir Kanner an ënnerstëtzt den Opbau vun Noutënnerkonften
- bitt psychosozial Ënnerstëtzung fir Kanner an hir Famillen
Schonn am Februar 2026 hate no engem Äerdbiewen bal 640.000 Leit am Bundesstaat Sucre a Venezuela keen Zougang zu propperem Drénkwaasser. D’UNICEF huet deemools d’Nouthëllef am Beräich Waasser, Sanitärversuergung, Hygiène a Gesondheet ënnerstëtzt. Haut sinn eis Ekippen och erëm am Asaz, fir de betraffene Kanner ze hëllefen.




Ënnerstëtzt eis Nouthëllef
D’Kanner a Venezuela brauchen eis Solidaritéit. Zesumme kënne mir hinnen déi liewenswichteg Hëllef ginn, déi si brauchen, fir dës schwéier Zäit ze iwwerstoen an nees Hoffnung op eng besser Zukunft ze hunn.




