No bal 8 Méint Biergerkrich an Äthiopien huet d’Regierung elo eng Wafferou an Tigray ausgeruff. Grond dofir sinn déi katastrophal humanitär Konditiounen an der Regioun.
D’Situatioun fir d’Kanner ass katastrophal
„Et ass eng ganz schwéier Situatioun, souguer wa grad net geschoss gëtt, ass schonn därmoosse vill futti gemaach ginn. Déi Kris ass elo 7 Méint al. Mir hunn 1,6 Millioune Leit, dovun 270 Dausend Kanner eleng, déi intern deplacéiert gi sinn duerch de Konflikt, dat heescht an aner Wieder, si sinn an hirem eegene Land op der Flucht.
Mir gesi schlëmm Violatiounen, vu Mënschen a Kannerrechter. Dat heescht engersäits Attacken op Kanner, well si enger bestëmmter Ethnie ugehéieren, aus Revanche, mir gesi spezifesch Gewalt géint Meedercher, mir wësse vu Massemorden, mir wësse bis elo vun 136 Vergewaltegungen, souwuel géint Meedercher wéi och géint Jongen, getrennte Famillen, mä dat ass bis elo just d’Spëtzt vum Äisbierg.“
Paul Heber
Bis ewell liewen 350.000 Mënschen a katastrophale Konditiounen, déi héchsten Zuel zanter 2011. Ouni genuch humanitär Hëllef riskéieren 120.000 Kanner an nächster Zäit ze stierwen.
Lauschtert iech hei eisen Interview mam RTL iwwert d’Situatioun un. >