A ville Kriseregioune mécht de Wanter eng souwisou scho schwéier Situatioun nach méi geféierlech. Onzieleg Kanner liewen a beschiedegten Haiser, an Zelter oder a Gebitter, déi duerch de Schnéi vun zentrale Servicer ofgeschnidde sinn. Ouni zouverlässeg Heizung an Isolatioun si si äiskale Temperaturen ausgesat an domat besonnesch vulnerabel. Keelt a Fiichtegkeetbegënschtegen d’Verbreedung vu Otemweeinfektiounen.
D’UNICEF verstäerkt hir Hëllef virum a wärend dem Wanter, fir de Kanner Wäermt a Schutz ze bidden.
Wéi d’UNICEF d’Kanner am Wanter ënnerstëtzt
Mir liwwere wichteg Hëllefsgidder a stäerke liewenswichteg Déngschter. Jee no Besoin vun de jeeweilegen Länner hëllefe mir zum Beispill mat:
- waarme Wanterkleeder fir Kanner
- Wanterdecken
- Wanter-Kitte fir Kanner a Famillen
- Baaschen, fir beschiedegt Ënnerkonften ze verstäerken
- Familljenzelter fir déi vulnerabelst Stéit
- wanterspezifesch Ënnerstëtzung fir Schoulen a Gesondheetsariichtungen
- Reparature vun de Waasser- an Heizsystemer

Schenkt Wäermt an Hoffnung
Erausfuerderunge vum Wanter an 3 betraffene Regiounen
Mir leeschten a verschiddene Länner Wanterhëllef. Déi follgend Beispiller weisen, wéi Kanner de Wanter an ënnerschiddleche Krisekontexter erliewen a wéi d’UNICEF si ënnerstëtzt.

Afghanistan: D’Keelt isoléiert d‘Famillen
Am Afghanistan falen d’Temperaturen op bis zu –33 °C, a vill Géigenden si wéinst Schnéi a blockéierte Stroossen net méi oder just schlecht z’erreechen. Vill Famille si mat Aarmut, Gesondheetsrisiken, prekäre Wunnsituatiounen a wuessender Ernärungsonsécherheet konfrontéiert – besonnesch an de Gebitter, déi rezent vun Äerdbiewen an Iwwerschwemmunge getraff goufen. Dëse Wanter verdeelt d’UNICEF Wanter-Kitte mat waarme Kleeder an Decken, fir Kanner an ofgeleeëne Regioune virun der äiseger Keelt ze schützen.

Ukrain: E Wanter ënner weideren Attacken
An der Ukrain féiere permanent Attacken op d’Infrastruktur zu laangen Heizungs- a Stroumausfäll. Famille mussen a beschiedegte Wunnengen ouni zouverlässeg Heizung oder waarmt Waasser duerch de Wanter kommen. Nieft der Verdeelung vun essentielle Wanterproduiten ënnerstëtzt d’UNICEF d’Communautéiten duerch Reparature vum Heiz- a Waassernetz an hëlleft de Schoulen, Fënsteren, Dieren an Heizungssystemer ze flécken, sou dass d’Kanner och an de kale Méint weiderléiere kënnen.

Gazasträif: Alles verluer duerch Verdreiwung
An der Gazasträif hu méi wéi zwee Joer voller Verdreiwung an Zerstéierung dozou gefouert, dass d’Kanner der Keelt, dem Reen an den Iwwerschwemmungen an de provisoreschen Ënnerkonften praktesch schutzlos ausgesat sinn, ouni Isolatioun oder Heizung. Mir verdeele Wanterkleeder, waarm Decken, Zelter a Baasche, fir d’Kanner virun de schwierege Wanterbedéngungen ze schützen. Zousätzlech hëllefe Pompelen an Drainage-Aarbechten, d’Gefor vun Iwwerschwemmungen an den iwwerfëllte Gebidder ze reduzéieren.
Kee Kand soll de Wanter ouni Wäermt a Schutz iwwerstoe mussen. Mat Ärer Ënnerstëtzung kënne mir déi vulnerabelst Kanner mat essenziellen Hëllefsgidder a Servicer virun der Keelt schützen.




