Spiller, Theater & Diskussiounen ronderëm d’Thema: Du bass wichteg!
Samschden 16. November 2019 vunn 9h30 – 16h30
Forum Geesseknäppchen
Aschreiwung: www.kabu.lu
Gratis Entrée (mat Iessen)
Am Kader vum 30-järegen Anniversaire vun der UN-Kannerrechtskonventioun lueden de Kannerbureau Wooltz mam Zentrum fir politesch Bildung an hir Partner, dorënner UNICEF Lëtzebuerg, Iech op déi 1. Kannerkonferenz zu Lëtzebuerg an! Am Mëttelpunkt stinn d’Kanner an hier Rechter – virun allem d’Recht op Meenungsäusserung an d’Matentscheeden.
No enger spillerescher Aleedung moies, ginn d’Kanner an d’Erwuessener am Nomëtteg selwer aktiv. Dësen Dag ass dofir do, datt Kanner an Erwuessener entdecken, wat Participatioun fir si bedeit, an zu Froe wéi „Firwat sinn ech wichteg?“ a „Wou ginn ech gehéiert?“ zesummen Äntwerte fannen.
Éducateuren an Éducatricen aus de Maison Relais sinn ageluede mat engem Grupp vu anner un dëser Konferenz deelzehuelen. D’Participatioun um Event kann als Formation continue ugerechent ginn (Validation no.2019_07_ANB_060).
D’Event ass op lëtzebuergesch. Eng franséisch an englesch Iwwersetzung si méiglech.
Méi Detailler: https://www.kabu.lu/de
