D’lescht Joer huet d’UNICEF fir d’éischte Kéier Youth Ambassadors gesicht. 10 Jonker hunn sech dat ganzt Joer iwwer fir d’Kannerrechter staark gemaach. Si hunn ënner anerem dem Premierminister Xavier Bettel 30 Recommandatiounen iwwerreecht, ware bei verschiddene Radiosenderen ze héieren an hunn bei enger Editioun vum Luxemburger Wort matgewierkt.
Dës Zesummenaarbecht huet souwuel eiser Equipe, ewéi och deene Jonken esou vill Spaass gemaach, datt mir entscheet hunn weiderzemaachen an de Grupp op 15 Youth Ambassadors ze vergréisseren.
Den Alec, d’Ashley, d’Caroline, d’Cathy, d’Celia, d’Emma, d’Ines, d’Iness, d’Jade, d’Liana, de Luis, d’Maria, d’Mathilde, d‘Nina an d’Samantha si Schüler aus verschiddene Lycéeën a sinn tëschent 14 an 19 Joer al.
Si interesséieren sech fir déi national an international Aktualitéit an engagéieren sech säit September fir d’Sensibiliséierung vun de Kannerrechter hei am Land. Si wäerten dat ganzt Joer iwwer eege Projeten ausschaffen a souwuel an hire Schoulen, wéi och op eise soziale Plattformen aktiv sinn.
Abonneiert eis op Instagram an Facebook fir si op hirem Wee ze begleeden an näischt vun hinnen ze verpassen.