Mir haten eng Ëmfro lancéiert fir rauszefannen, wéi eng Themen de Jonken um Häerze leien an hirer Meenung no méi Opmierksamkeet kréie missten, och op politeschem Niveau. 436 Jonker hunn matgemaach a folgend 4 Theme goufen am heefegste genannt: mental Gesondheet, Bildung, Ëmwelt a Schutz viru Gewalt a Mobbing.
Doropshin hu mir de 4. Mäerz eise City Café organiséiert, bei dem eis Youth Ambassadors, stellvertriedend fir hir Generatioun, d’Geleenheet hate fir sech mat politesche Vertrieder am UNICEF Haus auszetauschen. Si hunn souwuel iwwer d’Erausfuerderungen, wéi och iwwer méiglech Léisungen diskutéiert. Déi Jonk hunn sech doriwwer gefreet, datt d’Politiker sech Zäit geholl an hinnen nogelauschtert hunn.
E grousse Merci un d’Anne Logelin (CSV), de Fred Keup (ADR), d’Jessie Thill (Déi Gréng), d’Laura Valli (LSAP), de Lou Linster (DP) an de Sven Clement (Piraten).