D’Kanner gi gefrot
Déi 5. Editioun vum Kreativconcours (2025/26) leeft vum 1. Oktober bis den 20. November an ass organiséiert vun UNICEF Lëtzebuerg an dem Service des Droits de l’enfant vum MENJE. Dës riicht sech u ganz Klassen, Gruppe vun 2 – 5 Jonken oder eenzel Participanten:
- aus dem Fondamental: Cyclen 3 a 4 *
- aus de Maisons Relaisen: nëmme Kanner, déi an de Cyclen 3 a 4 sinn
* esou wéi aus equivalente Klassen aus de Centres de compétences, den ëffentlechen a privaten nationalen an internationale Schoulen zu Lëtzebuerg, den Europaschoulen.
D’Thema 2025/2026: Besser zesummeliewen mat all eisen Ënnerscheeder!
De Concours gëtt de Kanner d’Méiglechkeet, matzeschwätzen an op eng kreativ a kënschtleresch Aart ze weisen, wéi si sech en Alldag virstellen, wou jidderee matmaache kann: Frae, Männer an net-binär Persounen, Leit mat an ouni Behënnerung, jonk an al Leit, egal wéi eng Hautfaarf si hunn an ob si vill oder wéineg Suen hunn.
Am Aklang mam Thema vun dësem Joer hu mir decidéiert, eis net op ee Format ze beschränken, esou datt jidderee kann op déi Manéier matmaachen, déi him am beschte läit. All Forme vun Ausdrock sinn erlaabt: Texter, Fotoen, Filmer, Konschtwierker, Theater- oder Museksstécker, Affichen an digital Wierker. Der Kreativitéit si keng Grenze gesat!
Fir Zeechnungen, Molereien, Affichen, Collagen, Fotomontagen:
- All Technike sinn erlaabt
- Format: DIN A3 fir all Wierker, egal op digital oder analog
Fir Filmer/Videoen (inklusiv Theaterstécker, Lidder oder aner Contributiounen):
- Max. 5 Minutten & max. 500 MB / ½ GB
- Kameraastellungen: 1080p HD (30 fps)
Fir Texter oder Gedichter:
- Maximal 2 Säiten DIN A4, entweder handgeschriwwen oder digital
- Um Computer: Schrëftgréisst opmannst 12, Zeilenofstand 1,5
Wichteg: Biller oder Videoe, déi duerch kënschtlech Intelligenz (KI) generéiert goufen, ginn net ugeholl!

Iddiëkatalog 2024/25
Deng Zukunft – Deng Stëmm
Meng Gemeng besser machen: Ech schwätze mat!
Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge vu Kanner fir eng Verbesserung vun de Gemengen a méi Matsproocherecht.

Iddiëkatalog 2023/24
Deng Zukunft – Deng Stëmm
Klimawandel an Zukunft vun eiser Äerd.
Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge vu Kanner, fir e méi respektvollen Ëmgang mat der Natur an Ëmwelt.

Iddiëkatalog 2022
Deng Zukunft – Deng Stëmm
Deng Schoul vu muer.
Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge vu Kanner a Jugendlechen, wéi si sech d’Schoul an der Zukunft virstellen.

Iddiëkatalog 2021
Deng Zukunft – Deng Stëmm
Wéi soll deng Welt no der Corona-Kris ausgesinn?
Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge vu Kanner a Jugendlecher fir hiert Liewen no der Corona-Kris.

