Zougang zu enger qualitativer Bildung
Zu Lëtzebuerg fänkt all September en neit Schouljoer un an och a villen anere Länner op der ganzer Welt ass dëst d’Zäit vun der Rentrée. Mee leider huet nach laang net all Kand en Zougang zur Bildung.
All Kand huet e Recht op Bildung
Fir vill Elteren ass et eng Erausfuerderung, hiert Kand kënnen an d’Schoul ze schécken, virun allem fir Famillen, déi net déi finanziell Moyenen hunn oder déi a Regioune wunnen, déi vun enger Kris oder vu Konflikter betraff sinn. Och feelt et der Bildung oft un der néideger Qualitéit, well se net op engem passende Programm baséiert, well d’Léierpersonal net enstpriechend ausgebilt ass oder well d’Klassen ze voll sinn.
Dobäi ass eng qualitativ Bildung wichteg fir d’Kanner, well se iwwert hir berufflech Chancen entscheet an hinnen deemno och erméigleche kann, aus dem Däiwelskrees vun der intergenerationeller Aarmut auszebriechen. Dofir ass et wichteg, all Kand en Zougang zur Bildung ze ginn, och deenen, déi a Krisesituatioune liewen oder aus benodeelegte Famille kommen.

Fir hinnen eng besser Zukunft ze ginn,
musse mir elo handelen
Der UNICEF hir Aarbecht am Bildungsberäich
Mat ville verschiddene Projeten gëtt d’UNICEF Millioune Kanner weltwäit en Zougang zur Bildung a schafft kontinuéierlech dorun, d’Perspektiven vun all eenzelem vun hinnen ze verbesseren. Sou hëllefe mir zum Beispill dobäi, zerstéiert Schoulen erëm opzebauen, liwweren Kitte mat Schoulmaterial an entleeën oder vun Noutsituatioune betraffe Regiounen, verbesseren den Accès zu digitalen Léierméiglechkeeten, bidden Formatiounen fir d’Léierpersonal un a setzen eis dofir an, dass d’Meedercher déi selwecht Bildungschancë kréien wéi d’Jongen.
E puer vun eise Projeten uechter d’Welt

Haiti
Reparatur vu Schoulen a Liwwerung vu Schoulmaterial
D’UNICEF verdeelt Schoul-Kitten mat allerlee Material wéi Schoulsäck, Blocken a Solarluuchten. Fir dës Kitten ze verdeelen, kommen déi verschiddenst Transportmëttelen zum Asaz, dorënner och Motorrieder a Mauldéieren. Sou kënne mir och de Schüler aus den entleeënste Schoulen hëllefen.

Ukrain & Opnamelänner
Zougang zu Online-Coursen an Integratioun vun de Flüchtlingskanner
Zousätzlech zum Opbau an zu der Reparatur vu Schoulen stelle mir de Kanner Laptoppen an Tablets zur Verfügung a verdeele Schoulmaterial un d’Schüler an un d’Enseignanten.
An den Opnamelänner fërdere mir d’Integratioun vun de Flüchtlingskanner an den nationale Schoulsystem. Fir dëst ze erreechen, mussen d’Enseignanten fir d’Integratioun vun alle Kanner geschoult sinn, virun allem vu Kanner mat Behënnerung, an hinne psychologesch a sproochlech Ënnerstëtzung bidden.

Kamerun
Zougang zur Bildung dank dem Radio-Bildungsprogramm
Mir ënnerstëtzte 60 ländlech Communautéiten, an deenen d’Schoulen hu missen zoumaachen, bei der Duerchféierung vun engem Radio-Bildungsprogramm. Am Ganze konnte mir mat dem Programm scho bal 55.000 Kanner erreechen a sou hir Sécherheet verbesseren. Fir e weider ze optiméieren, gëtt de Programm fir d’Schüler vun de verschiddenen Altersklassen ënner Berécksiichtegung vum nationale Schoulprogramm verbessert. Ausserdeem soll en och dozou déngen, d’Enseignantë weider auszebilden.

Afghanistan
De Meedercher duerch gemeinschaftsbaséiert Léieren eng besser Zukunft erméiglechen
Mir setzen eis fir en Zougang zur Bildung a fir Gläichberechtegung vun de Geschlechter an. Vue dass d’Autoritéite ville Kanner den Zougang zur Bildung verweigeren, hëllefe mir dobäi, alternativ Weeër fir ze léieren ze fannen. Am Afghanistan konzentréieren sech eis Efforten am Bildungsberäich dofir op gemeinschaftsbaséiert Klassen a Léierzentren. Eleng an der Regioun Bamyan konnte mir schonn 11.600 Kanner en Zougang zur Bildung ginn. 70% vun hinne si Meedercher.