Dem Veronika seng Wuerzele leien an der Ukrain an deementspriechend grouss ass seng perséinlech Verbindung mam Thema Krich an der Ukrain. Scho vir de Weltkannerdag hat hat en Artikel dozou geschriwwen, deen op der Websäit vu RTL Lëtzebuerg verëffentlecht gouf. Zum Artikel >
Am Kader vum traurege Gebuertsdag vum Krich, de 24. Februar, wollt hat engem Jonken, dee flüchte misst an sech elo hei am Land e Liewen opbaut, eng Stëmm ginn. Hat huet d’Liliia kenne geléiert an dat 17-Joer alt Meedche gefrot, ob hat averstane wier fir en Interview zesummen opzehuelen. Dobäi rauskomm ass dëse Video. D’Liliia erzielt vu sengem Liewen zu Lëtzebuerg, senger Passioun a senge Wënsch fir d’Zukunft.
Mir soen dem Liliia villmools Merci fir säin Courage iwwert dat schwieregt Thema ze schwätzen a wënschen him alles erdenklech Guddes.