D’Nout bleift enorm
Säit dräi Joer herrscht Krich an der Ukrain – dräi Joer voller Angscht, Gewalt an Zerstéierung. Fir Millioune Kanner bedeit dat e Liewen ouni Sécherheet a stabillen Zougang zur Bildung oder medezinescher Versuergung. Besonnesch déi Klengst kennen näischt anescht ewéi den Ausnamezoustand. Hir ganz Kandheet ass vu Bombardementer, Verdreiwung an Nout gepräägt. Trotz allem weisen d’Kanner an d’Famillen eng enorm Widderstandskraaft. Mee si brauchen dréngend eis Ënnerstëtzung, fir d’Trauma ze verschaffen a sech eng Zukunft opzebauen.

Gewalt & Zerstéierung
Eng ganz Generatioun steet um Spill
D’Konsequenze vum Krich si katastrophal:
- 1 vu 5 Kanner huet e Familljemember oder e Frënd verluer
- 669 Kanner sinn ëm d’Liewe komm, 1.854 goufe verwonnt – eleng 2024 ass d’Zuel vun den Affer ëm 57 % geklomm
- Iwwer 5,1 Millioune Kanner goufen aus hirer Heemecht verdriwwen
- 40 % vun de klenge Kanner kënnen net an de Precoce oder an d’Spillschoul goen
- 5,4 Millioune Leit liewen a Gebidder, déi mat explosive Kampfstoffer wéi Minne kontaminéiert sinn – den Zougang zu Schoulen, Spideeler a Wunnengen ass liewensgeféierlech

Verluere Kandheet. Verlueren Zukunft?
De Krich huet liewenswichteg Infrastrukturen ewéi Spideeler, Schoulen a Waasserversuergungssystemer schwéier beschiedegt. Iwwer 2.200 Attacken op Gesondheetsariichtungen hunn den Zougang zu medezinescher Versuergung fir Millioune Kanner erschwéiert.
Och de Bildungssystem ass massiv betraff: Honnerte Schoule sinn zerstéiert a bleiwen zou, 40 % vun de Kanner hu keen normale Präsenz-Unterrecht. Nieft den physesche Schied hannerléisst de Krich och déif séilesch Wonnen. Angscht, Verloscht an Onsécherheet belaaschte Millioune Kanner, wärend de Mangel u sozialer Interaktioun an u Bildung hir mental Gesondheet an hir Zukunft a Gefor bréngt.
UNICEF: Hëllef elo a fir d’Zukunft
Mir bidden de Kanner souwuel Nouthëllef ewéi och laangfristeg Ënnerstëtzung. An akute Krise stelle mir den Zougang zu Drénkwaasser, Iessen, medezinescher Versuergung, Bildung a Wanterkleeder sécher. Mobil Ekippe bidde Gesondheetsservicer a psychosozial Hëllef fir traumatiséiert Kanner.
Laangfristeg hëllefe mir dobäi, liewenswichteg Strukturen a Systemer erëm opzebauen an ze stäerken. Mir renovéieren z. B. Schoulen, stellen Léiermaterial bereet an ënnerstëtzen d’Enseignanten, fir dass d’Kanner trotz dem Krich Zougang zu Bildung an Zukunftsperspektiven hunn. Well an d’Zukunft vun de Kanner z’investéieren, bedeit an d’Zukunft vun enger staarker Ukrain vu muer z’investéieren.
UNICEF-Hëllef am Joer 2024
Mir bidde souwuel de Leit an der Ukrain ewéi och deenen, déi an Opnamelänner geflücht sinn, humanitär Hëllef. Eleng an der Ukrain hu mir d’lescht Joer:
- 9,8 Millioune Leit, dorënner 2,5 Millioune Kanner, mat humanitärer Hëllef erreecht
- iwwer 480.000 Kanner e besseren Zougang zur Bildung ginn (formell & net-formell)
- 760.000 Leit (Kanner, Betreier, Personal um Terrain) eng psychosozial Ënnerstëtzung ginn
- 5,8 Millioune Leit e verbesserten Zougang zu propperem Drénkwaasser ginn
- iwwer 1,2 Millioune Kanner a Frae medezinesch versuergt
- iwwer 1,2 Millioune Leit iwwer d’Geforen duerch explosiv Kampfstoffer opgekläert