Woch vum 20. Januar 2025
Boulaide, Echternach, Esch-sur-Alzette, Garnich, Goesdorf, Grevenmacher, Luxembourg, Mersch, Nommern, Steinfort.
Wéi erkennt een eis Ekippen?
Gitt Global Parent
Mat Ären Donen all Mount, hëlleft Dir Kanner op der ganzer Welt.All Mount ginn Är Spende do benotzt wou d’Bedierfnisser am gréisste sinn.
25 € pro Mount
kënne 70 Kanner géint d’Riedelen impfen.
30 € pro Mount
kënnen e ënnererniert Kand fir ee Mount ernieren.
52,50 € pro Mount
erlaaben et 100 Leit fir ee Mount Drénkwaasser ze hunn.
All Mount:
- Ënnerstëtzt Dir Kanner kontinuéierlech wärend der wichteger Zäit vun hirem Wuesstem an hirer Entwécklung.
- Kritt Dir reegelméisseg Updates iwwert den Impakt vun Ären Spenden op d’Liewen vun de Kanner.
- Gitt Dir eisen Ekippen déi zouverlässeg Fongen déi mir brauchen fir eis Projete besser ze plangen, méi effizient ze schaffen an ze garantéieren datt eis Aktivitéiten nohalteg sinn.
- Hutt Dir en dauerhaften Impakt op d’Kanner, an erlaabt eis administrativ Käschten souwuel zu Lëtzebuerg wéi an den 190 Länner, wou d’UNICEF aktiv ass, ze spueren.
- Kritt Dir eemol d’Joer e Certificat fir Är Steiererklärung mat all de Spenden déi Dir d’Joer virdrun gemaach hutt (vun de Steieren ofsetzbar ab engem Gesamtbetrag vun 120 €).
Froen & Äntwerten
Eis UNICEF-Ekippe sinn un hirer bloer Kleedung mat UNICEF-Logo ze erkennen. Si hunn e Badge mat hirer Carte d’identité bei sech.
Eis Ekippe froen ni no Boergeld. D‘Aschreiwung erfollegt per Formulaire, deen op engem Tablet ausgefëllt gëtt. Ären Ordre permanent kënnt Dir zu all Ament annuléieren, entweder iwwer Telefon (T. 44 87 15) oder per E-Mail (dons@unicef.lu).
D’GLOBAL PARENTS sinn Eltere fir d’Kanner op der ganzer Welt!
Engagéiert Donateuren ënnerstëtzen d’UNICEF an domat d’Kanner op der ganzer Welt mat reegelméissegen Donen, fir sécherzestellen, dass hiert Recht op Gesondheetsversuergung, op Qualitéit an der Bildung souwéi op e Liewen a Sécherheet, fräi vun Ausbeutung a Mëssbrauch, verwierklecht gëtt.
Mir nennen se GLOBAL PARENTS.
D’GLOBAL PARENTS sinn Donateure mat groussem Afloss, well se eis erméiglechen, de Kanner op der ganzer Welt eng kontinuéierlech an nohalteg Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen.
Mir ginn op d’Leit zou, fir iwwer d’Wichtegkeet vum Wuelbefannen vum Schutz vun de Kanner ze informéieren an opzeklären, an zwar souwuel op nationalem wéi och op internationalem Niveau.
Als gréisste Verfechter vun de Kannerrechter hoffe mir, d’Leit op dës Aart a Weis ze iwwerzeegen, sech eiser GLOBAL PARENTS-Famill unzeschléissen a Kanner op der ganzer Welt ze ënnerstëtzen.
Eis Ekippe gi geschoult, d’Awunner vun den Dierfer an de Gemengen, déi se besichen, ze respektéieren.
Well mir ausschliisslech op fräiwëlleg Donen ugewise sinn, sinn dës Campagnen essentiel, fir eis Onofhängegkeet an Neutralitéit ze garantéieren.