Mell dech un a setz dech an!
Du bass tëschent 14 an 18 Joer al? An du géifs dech gäre fir Kanner-a Jugendrechter staark maachen? Da gëff och du UNICEF Youth Ambassador!
Eis UNICEF Youth Ambassadors sinn engagéiert Jonker, déi sech fir d’Rechter vu Kanner a Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg a weltwäit asetzen. Zil ass et, sech fir d’Meenung vu Kanner a Jonker staark ze maachen an op hir Problemeropmierksam ze maachen.
Du kanns selwer deng ganz eegen Iddien abréngen, diskutéieren an op verschidden Aart a Weisen ëmsetzen: Workshops, Campagnen, Events, Artikelen, op de Social Media Profiler vun UNICEF Lëtzebuerg aktiv ginn, a villes méi!
Mir sichen engagéiert Jonker tëschent 14 a 18 Joer, déi:
- Zäit a Motivatioun hunn, sech op d’mannst ee Joer ze engagéieren (dëst ka spéider verlängert ginn)
- Interessi un de Rechter vu Kanner a Jonken hunn, esou wéi u globalen a sozialen Themen
- Zouverlässeg, motivéiert, dynamesch sinn a gär Eegeninitiativ ergräifen
- Lëtzebuergesch op d’mannst gutt verstinn
Wichteg: Mir recommandéieren de Programm net fir Schüler:innen an Ofschlossklassen, well de Programm en aktiven Engagement erfuerdert.
Firwat solls du matmaachen?
- Léier nei Leit kennen a gëff Deel vun engem dynamesche Grupp
- Léier méi iwwert d’Aarbecht vun der UNICEF, d’Kannerrechter an d’Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg a weltwäit
- Entwéckel nei Kompetenze wéi Public Speaking, Teamwork, Organisatioun, perséinlech Entwécklung/Selbstvertrauen
- Setz dech a fir eppes, wat dir um Häerze läit – d’Rechter an d‘Wuel vu Kanner a Jugendlecher
- Gëff eng Stëmm fir deng Generatioun an hëllef mat, d’Zukunft fir Kanner a Jugendlecher besser ze gestalten
Zil ass et, zesumme mat anere jonke Leit eng nohalteg a gerecht Gesellschaft ze gestalten a Verännerungen unzestoussen.
Wéi vill Zäit kascht dëst Engagement?
📅 Dauer: September 2026 – Juli 2027
⏰ Treffen: 2-mol pro Mount – eemol samschdes, eemol an der Woch
📍 Plaz: UNICEF Haus – 6, rue Adolphe Fischer, L-1520 Lëtzebuerg
Zousätzlech kënnen extern Evenementer a Projets-Aarbecht ufalen.
Mell dech elo bis den 21. Juni un!