Dëst ass d’Geschicht iwwert de Kampf vum Ayman, dem Sami an dem Tamar, deen si säit dem éischten Dag an hirem Liewen ausfechte mussen.
Den Ayman, de Sami an den Tamar waren an engem Zelt am Libanon aquartéiert, an deem bannenan eng äiseg Keelt war, vu que dass d’Zelt nëmmen e rudimentäre Schutz virun der Keelt vun engem schroe Wanter ze bidden hat. Hiert Doheem war wäit ewech vun engem Spidol, vun Dokteren an Hiewannen – et war eng Plaz wou den Accouchement vun engem Puppelchen zu enger liewensgeféierlecher Erfarung konnt ginn.
Hei hunn d’Fraen oft keng aner Wiel, wéi hir Kanner um Buedem vun engem Zelt oder engem provisoreschen Ennerschlupf op d’Welt ze bréngen, ouni d’Präsenz vun enger erfuerener Infirmière oder Traitementer géint Péng. Oft ass kee proppert medezinescht Equipement disponibel, jo nach net emol Decken.
Dës Mamme riskéiere geféierlech Bluddungen, Infektiounen, héije Bluttdrock oder anerwäerteg Komplikatioune bei der Gebuert ze kréien. Vill vun hinne stierwen esouguer nach, éier si eng Chance kruten, fir hirem klengen Däbbes e Numm ze ginn.
Wéi den Ayman, de Sami an den Tamar op d’Welt koumen, huet d’Amena, hir Mamm onkontrolléierbare Bluddunge kritt. Si gouf zwar d’urgence an d’Spidol bruecht, mee huet awer hiert Liewe verluer – fir hiren dräi Kanner eng Chance op eng Zukunft ze ginn. No enger Zäitche waren déi dräi Puppelcher staark genuch, fir kënnen aus dem Spidol entlooss ze ginn. Mee dee schroe Wanter sollt hinne keng Paus ginn an hirem Kampf fir d’Liewen.
De Sami, dee klengste vun de Puppelcher, gouf krank a ganz schwaach. Ouni déi eenzegaarteg Nährstoffer, déi seng Mamm him hätt kennen iwwert d’Mammemëllech ginn, hat hien en haarde Kampf viru sech. No nëmmen 20 Deeg hat de Sami de Kampf ëm d’Iwwerliewe verluer.
All Minutt vun all Dag stierwe fënnef Puppelcher an deem éischte Mount vun hirem Liewe – meeschten duerch vermeidbar Ursaachen.
Einfach Interventiounen, wéi d’Fidderen mat héichgradeg nährstoffräichem Mëllechersatz, kënnen engem Kand hëllefen, déi éischt Wochen am Liewen z‘iwwerstoen, wou si am vulnerabelste sinn. Et gëtt keen Ersatz, déi méi effikass a nahrhaft wär wéi d’Mammemëllech, mee a Fäll wou d’Mammen net méi niere kënnen, oder bei Puppelcher wéi dem Ayman an dem Tamar, déi keng Mamm méi hunn, do kann en héichgradeg nährstoffräichen Mëllechersatz Liewe retten.
D’UNICEF ënnerstëtzt 21 mobil Gesondheetsunitéiten am Libanon, déi de Flüchtlinge medezinesch Servicer ubidden. Dës Gesondheetsagente besiche Campen a provisoresch Wunnenge queesch duerch d’Land, woubäi all Medeziner ca. 80 Patienten am Dag betreit. Esou eng Eenheet setzt sech zesummen aus engem Dokter, zwou Infirmièren, enger Hiewan an engem Impfer.
Dank Ärer Ënnerstëtzung kënnen dës Equipe Kanner géint Polio, d’Riedelen an aner potentiell déidlech Kannerkrankheeten impfen. Si kënnen och Medikamenter wéi Antibiotika oder Zousätz u Spurenelementer verginn, entweder fir Ënnerernierung virzebeugen oder se ze behandelen. Si offréieren och Traitementer fir Krankheeten, déi sech ënnert Konditioune wéi dem Liewen an engem Flüchtlings-Camp schnell kenne verspreeën a liewensgeféierlech fir Dausende vu Kanner kënne ginn.
Firwat huet d’Amena, d’Mamm vun den Drillingen, missen an engem Zelt liewen, praktesch ouni Schutz virun engem Schnéistuerm? Wéinst dem Krich an hirem Heemechtsland Syrien huet si missen an de Libanon flüchten, mat just deene Kleeder bei sech, déi si un hat.
Während dräi Joer huet d’Amena a säi Mann an engem einfachen Zelt gelieft, ëmmer an der Hoffnung fir enges Daags a Sécherheet a Syrien kënnen heem ze goen.
Am Wanter ass et äiskal an den Zelter, an am Summer ass d’Hëtzt bal net ze erdroen. Et gëtt just wéineg Confort a perséinleche Besëtz – gemeinsam genotzte Kannerbetter, e basis Kichenequipement a – mat e bësse Chance – e puer Decke fir d’Famill ze wiermen. Net all Zelt verfüügt iwwert ee mat Bensin bedriwwenen Uewen, deen Hëtzt spende kann. Et ass schwéier sech virzestellen, wéi kal hei d’Nuechte sinn, a wéi besuergt d’Eltere si fir d’Liewen an d’Zukunft vun hire Kanner.
A well de Konflikt nach ëmmer weider unhält, ass et schwéier sech virzestellen, wéi d’Famillen op hir Gesondheet oppasse kënnen, wéi si hir Kanner a Sécherheet an am Waarme kënnen halen, a wéi si ëmmer zouversiichtlech bleiwe kënnen.
Et si Leit wéi Dir – d’Global Parents vun UNICEF – déi Puppelcher wéi dem Ayman an dem Tamar eng Chance op e Liewe ginn ; eng Chance fir déi prekärste Phas vun deenen éischte Méint no hirer Gebuert z’iwwerliewen, sou dass aus hinne gesond a staark Kanner ginn.
Villmools Merci!
Mat Ärer Ënnerstëtzung als Global Parent kënne mir nach méi Puppelcher erreechen, mat aller essentieller medezinescher Hëllef, déi si brauchen fir z’iwwerliewen a sech ze entwéckelen, wéi all Kand et sollt kënnen – esouguer an Zäite vun enger Urgence.
All d’Photoën: ©UNICEF/Lebanon 2015/Alessio Romenzi