Akut Gefor fir d’Kanner
Op d’mannst 24.620 Palestinenser si säit dem Ufank vun der Eskalatioun vun den Hostilitéiten an der Gazasträif ëm d’Liewe komm (Stand: 17. Januar 2024), 70 % dovu solle Kanner a Frae sinn. Méi wéi 10.000 Kanner goufe verletzt a vill ginn der nach ëmmer vermësst a goufe warscheinlech ënnert de Ruine vun den zerstéierte Gebaier begruewen.
Dräifachbedroung: Gewalt, Krankheeten a Liewensmëttelknappheet
Nieft der extremer Gewalt bréngen och de kale Wanter, d’Ugrëff op déi liewenswichteg Infrastruktur an de grousse Mangel u Liewensmëttel, Drénkwaasser, Stroum, Bensinn a Medikamenter d’Liewe vun de Kanner a Gefor a verschlëmmeren d’Situatioun an der Gazasträif.
Duerch de feelende Bensinn, ka kee Waasser gepompelt an d’Ofwaasser net behandelt ginn. Zesumme mam Mangel un Drénkwaasser dreift dat ënnert anerem d’Gefor vun Infektioune vun den Otemweeër, Duerchfall an Hautkrankheeten an d’Luucht.
En déidlechen Däiwelskrees
D’Liewensmëttelknappheet féiert dozou, dass et ëmmer méi Fäll vu schwéierer akuter Ënnerernärung ginn. Ënnerernäerte Kanner, deenen hire Kierper net all déi wichteg Närstoffer kritt, si méi ufälleg fir Infektioune wéi Duerchfall, deen wéinst dem Mangel u propperem Waasser a Medikamenter net richteg ka behandelt ginn. Wat dësen awer méi laang unhält, wat en d’Ënnerernärung bei de Kanner méi verschlëmmert.
Mir bidden Hëllef an alle Beräicher
Ëmmer, wann d’Situatioun et erlaabt, verdeelt d’UNICEF liewenswichteg Hëllefsgidder wéi Iessen, Drénkwaasser, Impfstoff souwéi waarm Kleeder a liwwert medezinescht Material un déi Spideeler, déi nach funktionéieren.
Eis Hëllef um Terrain ëmfaasst zum Beispill och d’Behandlung vun Ënnerernärung duerch d’Bereetstellung vun therapeutesche Liewensmëttel. Donieft liwwere mir Bensinn, ergräife secteuriwwergräifend Moossname, fir potenziell déidlech Krankheeten anzedämmen a bidden de Kanner eng psychosozial Ënnerstëtzung, fir hinne bei der Traumabewältegung ze hëllefen.
An dësem Krich, wéi an alle Kricher, sinn et virun allem d’Kanner, déi de Präis vum Konflikt bezuelen. UNICEF fuerdert eng direkt humanitär Paus an e sécheren Zougang, fir d’Kontinuitéit vu vitale Servicer fir Kanner z’etabléieren an ze garantéieren.