Gewalt a Chaos regéieren d’Haaptstad
Am Laf vun den éischte Méint vun dësem Joer huet sech d’Situatioun vun de Kanner zu Port-au-Prince, der Haaptstad vun Haiti, dramatesch verschlechtert. D’Land war scho säit Laangem vu politescher Instabilitéit, erdréckender Aarmut an enger Rei Naturkatastrophe gepräägt. D’Gewalt, déi vun den arméierte Gruppen ausgeet, ass mëttlerweil allgéigewäerteg a verwandelt Spillplazen, Schoulen a Wunnhaiser a Schluechtfelder.
D’Kanner sinn net sécher zu Port-au-Prince
Ëffentlech Institutioune wéi Policebüroen, Flughäfen, Häfen an liewenswichteg Infrastruktur wéi Spideeler ginn ugegraff. Grondleeënd Servicer sti kuerz virum Zesummebroch. Onzieleg Kanner hu keen Zougang zu Waasser, zu medezinescher Versuergung oder zu Bildung. Den Honger an d’Angscht bestëmmen hiren Alldag. Dausende si gezwongen, aus hirem Doheem ze flüchten.
D’Zuele si méi wéi alarmant:
- Méi wéi 172.000 Kanner ware gezwongen, hiert Doheem ze verloossen an innerhalb vum Land ze flüchten.
- Millioune Leit hu keen Zougang zu Waasser an Hygiène.
- Méi wéi 3 Millioune Kanner sinn dréngend op humanitär Hëllef ugewisen, sou vill wéi nach ni an Haiti.
- Den Honger an d’Ënnerernärung hunn en Héichpunkt erreecht. Bal 1 vu 4 Kanner leit ënner chronescher Ënnerernärung. Dës Zuel soll an den nächste Méint ëm 19 % klammen.
- Méi wéi 1.000 Schoulen hu missen zoumaachen, wouduerch d’Bildung vun ongeféier 200.000 Kanner beanträchtegt gouf.
- Zu Port-au-Prince hunn 3 vu 4 Kanner a Fraen keen Zougang zu grondleeënden Gesondheets- an Ernärungsdéngschter
- 6 vun 10 Spideeler sinn ausser Betrib, wärend d’Cholera riskéiert, eng sanitär Kris auszeléisen.
Gewalt & Zerstéierung
Mir mussen elo handelen!
Dëse Moment ass ganz entscheedend! Dës Kris drot nämlech, sech weider ze verschäerfen, wann déi humanitär Hëllef net dréngend verstäerkt gëtt. Mat Ärer Hëllef kënne mir trotz der sech konstant verännerender Realitéit um Terrain weiderhin humanitär Hëllef u Kanner liwweren. Ënnert de schwieregsten Ëmstänn an an déi entleeënste Gebidder.
Eis Hëllef op der Plaz
D’UNICEF verstäerkt seng Beméihungen, fir d’Kanner an d’Famillen ze beschützen an hinnen déi liewenswichteg Hëllef ze bidden, déi si sou dréngend brauchen. Dofir ënnerstëtze mir d’Ernärungs- a Gesondheetsdéngschter, reagéieren op de Cholera-Ausbroch, setzen eis dofir an, dass sécher Plazen fir ze léiere geschaaft ginn, bidden eng psychosozial Ënnerstëtzung a bedeelegen eis un der Katastrophenhëllef. Fir dës Aarbecht oprechterhalen ze kënnen, si mir op Är Ënnerstëtzung ugewisen.
Spent elo, fir d’Kanner an Haiti ze schützen!