KANNERLIICHT – D’Kannerrechtswoche vun UNICEF
All 4. Kand, wat net an d’Schoul geet, lieft an engem Land wat vu Krich oder Naturkatastrophe betraff ass. Hier Schoulausbildung gëtt oft während Joren ënnerbrach.
Dat betrefft virun allem Kanner a Syrien.
Millioune vun hinnen hu misste flüchte fir ze iwwerliewen a fir déi meescht ass d’Schoul nëmme nach eng Erënnerung.
A Jordanien hunn Honnertdausende vun hinnen e neit Doheem fonnt, mee ouni Educatioun hunn dës Kanner keng Zukunft. Dobäi si Schoule fir dës Kanner besonnesch wichteg.
A Noutsituatiounen ass Schoul méi wéi 4 Maueren.