A Konflikt- oder Katastrophesituatioune sinn et ëmmer d’Kanner, déi am meeschte leiden. Wärend Urgencen an humanitäre Krise sinn si besonnesch ufälleg fir Krankheeten, Ënnerernärung a Gewalt. Am schwéiersten hunn et déi Kanner, déi a Konfliktregioune liewen. Hei ass de Risiko, dass si vun extremer Aarmut betraff sinn oder net kënne scolariséiert ginn, vill méi héich.
Eng Urgencen-Hëllef ass a bleift essentiel
Leider ginn et ëmmer Noutsituatiounen uechtert d’Welt, déi de Kanner hiert Liewen a Gefor bréngen, och wann dës net ëmmer op der Titelsäit vun den Zeitungen oder an den Noriichte gewise ginn. Eis Prioritéit ass et dofir, de Kanner an Nout ze hëllefen an si souwéi hir Rechter ze schützen, iwwerall op der Welt.
Wa Kricher, Konflikter oder Naturkatastrophen d’Liewe vun de Kanner a Gefor bréngen, well den Zougang zu Iessen, engem Doheem, sozialer Hëllef an zur Gesondheetsversuergung net méi ka garantéiert ginn, konzentréiert d’UNICEF sech dorop, dëse Kanner an hire Famillen déi Servicer an Hëllefsgidder ze bidden, déi néideg sinn, fir si ze schützen a fir de Respekt vun hire Rechter ze garantéieren. Eis ëmfaassend Urgencen-Hëllef deckt all d’Beräicher of, déi fir d’Wuelbefanne vun de Kanner relevant sinn, wéi zum Beispill d’Ernärung, d’Waasser an d’Hygiène, d’Bildung, d’Protektioun vun de Kanner an hir Gesondheet, dorënner och déi mental Gesondheet.

Mir bidden eng
ëmfaassend a liewenswichteg Hëllef
Eis nohalteg a laangfristeg Hëllef
D’Preventioun vu Katastrophe gradewéi d’Nohaltegkeet vun eiser Hëllef zielen zu eise Prioritéiten. Mir si virun, wärend an no Krisenzäiten um Terrain a schaffe kontinuéierlech un der Entwécklung vun dauerhaften a gläichzäiteg effikasse Léisungen, déi de Bevëlkerungen net just kuerzfristeg, mee och op laang Siicht hëllefen. Sou ass et wichteg, scho Preparatiounen ze treffen, nach éiert et zu enger Katastroph kënnt. Dat ka vermeiden, dass all Naturkatastroph automatesch zu enger Noutsituatioun féiert.
Andeems mir zum Beispill d’Systemer fir d’Waasserversuergung a fir d’Ofwaasser moderniséieren, hëllefe mir de vulnerabele Stéit net just kuerz, mee och, a virun allem, laangfristeg. Sou droe mir och zu der Entwécklung vun de betraffene Länner a Regioune bäi. Eis Urgencen-Hëllef beschränkt sech also net just op d’Reaktiounen op eng Kris, mee erfuerdert e kontinuéierlecht Engagement vun eisen Experten, déi enk mat de lokale Communautéiten a mat aneren Organisatiounen op der Plaz zesummeschaffen.
D’Kanner brauchen Är Ënnerstëtzung
“D’UNICEF ass op der ganzer Welt present a bitt de Kanner eng liewenswichteg Hëllef an humanitären Urgencen. Mir stäerken d’Infrastruktur, op déi d’Kanner ugewise sinn […] a maachen dës Infrastruktur méi resistent géint klimatesch Schocken.”
Catherine Russell, Generaldirektesch vun der UNICEF

AFGHANISTAN
Dat ee Joer alt Rana huet u schwéierer akuter Ënnerernärung gelidden. Op dëser Foto këmmert sech dat mobilt Gesondheets- an Ernärungs-Team vun Deh Sabz ëm dat Klengt. D’UNICEF ënnerstëtzt dëst Team duerch d’Liwwerung vun Ernärungsproduiten.

UKRAIN
D’Anya ass 7 Joer al a befënnt sech hei an engem Evakuéierungs-Bus op der Gare zu Kherson. No der Zerstéierung vum Staudamm zu Nova Kakhovka ugangs Juni ware vill Dierfer iwwerschwemmt. D’UNICEF versuergt virun allem déi Leit, déi hiert Doheem hu misse verloossen, mat liewensnoutwennegen Hëllefsgidder.

JEMEN
D’UNICEF zéckt net, fir innovativ ze handelen. Am Jemen ënnerstëtze mir méi wéi 150 solarbedriwwe Waassersystemer, déi insgesamt 2,5 Millioune Leit en Zougang zu propperem Drénkwaasser erméiglechen. Doduerch sénkt de Risiko vu Krankheetsausbréch an dass d’Kanner d’Schoul ofbrieche mussen. Ausserdeem hunn d’Waassersystemer positiv Auswierkungen op d’Entwécklung an d’Wirtschaft vum Land.

SYRIEN
Als Reaktioun op d’Äerdbiewen a Syrien stellt d’UNICEF de Kanner en Ënnerdaach, psychologesch Ënnerstëtzung a Fräizäitaktivitéiten zur Verfügung, fir hinnen dobäi ze hëllefen, hir Gefiller auszedrécken, mat hirem Verloscht ëmzegoen an hir Traumaen ze iwwerwannen.

SUDAN
Wärend de Konflikt am Sudan weider unhält, halen d’UNICEF an de Gesondheetsministère d’Gesondheetsdéngschter mat Ënnerstëtzung vun der Gavi (d’Impfallianz) oprecht. Dozou zielen och d’Impfunge vun de Kanner. Dës si besonnesch wichteg, fir Ausbréch vu schwéiere Krankheeten ze verhënneren.