Keen Enn vum Krich a Siicht
„De vergiessene Krich“– sou gëtt de Konflikt am Jemen oft beschriwwen. Obwuel e scho säit 2015 unhält an zu de schlëmmsten humanitäre Krise vun der Welt zielt, gëtt en an de Medie kaum thematiséiert.
Eng Besserung vun der Situatioun oder en Enn vum Krich zeechent sech net of. Duerch déi geografesch Lag vum Jemen kënnen d’Leit och net an d’Nopeschlänner flüchten, soudass si am Land selwer Schutz siche mussen. Méi wéi 2,3 Millioune Kanner liewen dowéinst a Flüchtlingslageren. Si hu keen adequaten Zougang zu grondleeënder medezinescher Versuergung, Iessen, Schutz, Bildung, Waasser, Sanitäranlagen an Hygiène.
D’Zuele sinn erschreckend: Ronn 21 Millioune Mënschen, dorënner méi wéi 11 Millioune Kanner, sinn op humanitär Hëllef ugewisen. All 10 Minutte stierft e Kand aus vermeidbare Grënn.
De vergiessene Krich
Am Jemen
hunn d’Kanner keng Zukunft.
D’Land steet kuerz virun enger Hongersnout
Säit dem Ufank vum Krich koume méi wéi 11.000 Kanner ëm d’Liewen oder si schwéier verwonnt ginn – an d’Donkelziffer läit warscheinlech vill méi héich. Mee de Konflikt fuerdert virun allem och vill indirekt Affer, de Biergerkrich huet nämlech zu enger schlëmmer Hongerkris gefouert. Dës gouf duerch d’Wieder an de Konflikt an der Ukrain gradewéi den Zesummebroch vun der Wirtschaft an dem Gesondheetssystem nach weider verschäerft.
Ronn zwee Drëttel vun der Bevëlkerung hunn net genuch z’iessen. 2,2 Millioune Kanner ënner 5 Joer leiden un Ënnerernierung, iwwer 540.000 vun hinnen si liewensbedrolech mangelerniert. Sie kämpfen Dag fir Dag em d’Iwwerliewen a brauchen dréngend Ënnerstëtzung an en Traitement. Dëst gëllt och fir Fraen, déi schwanger sinn oder nieren. Wa si akut mangelerniert sinn, wierkt dat sech zwangsleefeg och op hir Puppelcher aus.
D’Kanner brauchen Är Ënnerstëtzung
„De brutale Krich am Jemen hält weider un. De Jemen ass zu enger richteger Häll fir d’Kanner ginn. […] D’UNICEF a seng Partner hëllefen de Kanner am Jemen och weiderhin. Mee eis ginn d’Mëttelen aus.”
Catherine Russell, Generaldirektesch vun der UNICEF
D’UNICEF hëlleft trotz schwierege Konditiounen
D’Bedéngunge fir humanitär Organisatioune sinn am Biergerkrichsland Jemen ganz schlecht. Duerch Loft- a Séiblockade souwéi duerch Kampfhandlunge sinn d’Liwwerung an d’Verdeelung vun den Hëllefsgidder komplizéiert.
D’UNICEF bleift trotz de katastrophalen Ëmstänn um Terrain a leescht eng ëmfaassend Hëllef. Dozou gehéiert och de Beräich vun der Ernierung an de Kampf géint Ënnerernierung bei Kanner souwéi bei Fraen, déi e Puppelchen hunn oder erwaarden. Dowéinst liwwere mir Liewensmëttel a schwéier erreechbar Regiounen, versuerge mangelerniert Kanner mat spezieller therapeutescher Narung a Vitaminnen a retten op des Aart a Weis vill Kannerliewen. Fir dat och weiderhi maachen ze kënnen, si mir dréngend op Är Ënnerstëtzung ugewisen.
Dem Gosson seng Geschicht

VIRDRUN

DONO
Dat klengt Gosson ass wéinst schwéierer akuter Ënnerernierung an d’Spidol komm. Zu deem Zäitpunkt war säin Zoustand wierklech alarmant. Hatt hat Féiwer, staarken Duerchfall a war mat nëmme 5 Kilo ferm ënnergewiichteg.
Mee scho kuerz nom Ufank vu sengem Traitement ass et him besser gaangen. D’Dokteren hu säin Zoustand kontinuéierlech beobacht. Bannent e puer Deeg hat hatt schonn zwee Kilo zougeholl. Bei eisem zweete Besuch e puer Méint méi spéit hat hatt sech komplett vun der Ënnerernierung erholl a war, ofgesi vu liichtem Duerchfall, gesond.
Sou wéi dem Gosson geet et Honnertdausende Kanner am Jemen: Méi wéi eng hallef Millioun Kanner ënner 5 Joer leiden u schwéierer akuter Ënnerernierung. Ouni de richtegen Traitement ass dës Form oft déidlech.